Zënter hien 1974 mat sengem éischte Roman "Carrie" direkt den Duerchbroch gepackt huet, huet de Stephen King méi wéi 60 Romaner an iwwer 100 Kuerzgeschichte publizéiert. Säin neiste Roman mam Titel "Billy Summers" ass eist Buch vun dëser Woch. D'Bea Kneip stellt Iech et vir.

12/10/2021 Buch "Billy Summers" vum Stephen KIng

De Billy Summers ass e professionelle Killer. Säin neien Optrag soll dee leschte sinn, dofir ass en awer aussergewéinlech: hie soll en anere Killer op den Trape vum Geriichtsgebai erschéissen. Fir dee richtege Moment net ze verpassen, muss hien sech méintelaang am viraus an enger Klengstad néierloossen. Seng Tarnung: hien ass e Schrëftsteller deen un engem streng geheime Buchprojet schafft, soss awer e ganz normalt Liewe féiert. Mä de Billy dee sech gären no baussen domm stellt an heemlech Zola liest, fänkt tatsächlech un, un engem Buch ze schaffen. Säi Kandheetstrauma vu senger klenger Schwëster déi viru sengen Aen ëmbruecht gouf, awer och seng Erliefnisser als Zaldot am Irak verschafft hien a senge Memoiren, déi zum Roman am Roman ginn. Lues awer sécher gëtt dem Billy kloer, dass hien hannert d'Liicht gefouert gouf, a riskéiert selwer eliminéiert ze ginn. An dann trëtt stënterlech d'Alice a säi Liewen, eng jonk Fra déi brutal vergewaltegt gouf.

Den onëmstriddene Kinnek vum Horror-Genre brauch een net méi virzestellen. Mä hie kann och anescht. Billy Summers ass en intelligent konstruéierte Thriller an dem bis op e puer Uspillungen op "The Shining" keng Horror-Elementer ze fanne sinn. A wie mengt dem Stephen King seng Romaner wiere just kommerziell ausgeriicht, deen ënnerschätzt säin Talent.Hei bréngt en et zum Beispill fäerdeg, dass ee mat engem Optragskiller matféiwert, deen Dosende Mënschen um Gewëssen huet. Och wa villes am Roman op den éischte Bléck no Cliché ausgesäit, mierkt ee ganz séier, dass den Auteur grad mat deene Clichéen spillt fir se ëmsou méi effikass auserneenzehuelen.Dem Billy seng Erënnerungen un d'Kannerheem a spéider u Falludscha setze villes an en anert Liicht.

D'Buch ass am Fong an zwee Deeler konzipéiert, am éischten Deel begleede mir de Billy soulaang bis en seng Waff uleet an ofdréckt. Am zweeten Deel ass en op der Flucht, muss sech virun der Police a sengen Optragsgeber verstoppen an niewebäi ganz onverhofft och nach Verantwortung fir d'Alice iwwerhuelen. Am zweeten Deel geet et also e Strapp méi séier, wéi an dem éischter gemächlechen Ufank. Trotzdeem, vun deene 700 Säiten ass keng ze vill, ganz am Géigendeel.

"Billy Summers" vum Stephen King ass an der däitscher Iwwersetzung am Heyne Verlag erauskomm.