Bis elo huet d´Emma Stonex als Lectrice geschafft. Elo féiert d´Englännerin selwer hiren Optakt als Schrëftstellerin. Mat hirem Roman „Die Leuchtturmwärter“ beschäftegt si sech mat engem Thema,  dee si scho laang faszinéiert a gräift an engems eng wouer Geschicht op, nämlech d´Verschwanne vu dräi Liichttuermwiechter a Schottland. D´Tiffany Saska weess méi.

19-10-2021 Buch vun der Woch - Der Leuchtturmwaechter

1972 verschwannen am Cornwall dräi Liichttuermwiechter um oppene Mier op eng mysteriéis Aart a Weis. Et ginn eng Rei Spueren, mee déi schwätze keng eendeiteg Sprooch. Zréck bleiwen 3 Fraen, déi och 20 Joer mi spéit nach ëmmer net wësse wat mat hire Männer geschitt ass, an deemno och net domat ofschléisse kënnen. Den Dan Sharp, en jonke motivéierten Auteur, wëll e Buch iwwert d´Verschwanne vun de Männer Arthur, Bill a Vincent schreiwen an bréngt domat nees bëssi Schwong an den Dossier ass awer och op d´Kooperatioun vun de Fraen ugewisen, déi ganz ënnerschiddlech reagéieren. An och vun offizieller Säit ass keen Interessi do, den Dossier nees opzemaachen.

D´Emma Stonex inspiréiert sech fir hire Roman un engem Ongléck aus dem fréien 20 Joerhonnert wou op enger schottescher Insel och dräi Liichttuermwiechter verschwonne sinn. Fir de Recht ass de Roman mat senge Personnagen an den Ëmstänn awer reng Fiktioun. D´Helen, d´Fra vum Chefwiechter, huet eng Iddi wat geschitt kéint sinn, an ass bereet dem Sharp alles z´erzielen. D´Jenny iwwerdeems huet kee gutt Verhältnis zu den aneren Hannerbliwwenen an d´Michelle, d´Frëndin vum jéngste Wiechter Vince, wëll am léifste guer net méi driwwer schwätzen. Et gëtt an zwou Zäitschinnen erzielt: 1972 also zur Zäit vum Ongléck an 192, 20 Joer dono. No a no gëtt ëmmer nees aus de Liewe vun den eenzele Personnagen erzielt an esou zeechent sech lues a lues e Bild wat geschitt ass a wéi et zum Verschwanne konnt kommen. Sie alleguer hunn nämlech hir Geheimnisser.

D´Stäerk vum Roman „Die Leuchtturmwärter“ läit sécher doran, datt de Lieser guer net weess wat um Enn geschitt. An och de Genre ass net eendeiteg. Ass et en Drama, geet et em eng al Familljegeschicht oder ass et e Mysteryroman? Mat hire ville Beschreiwunge geléngt et dem Emma Stonex eng ganz interessant Atmosphär ze schaffen an der ni vill passéiert an awer ëmmer méi Detailer un d´Liicht kommen. Virun allem d´Beschreiwunge vun dem onberechenbare Mier gefale mir gutt. Doriwwer eraus fält den aussergewéinleche Schreifstil op, den zu engem groussen Deel aus Monologe vun de Frae besteet. Villäicht well si, och wann se u Land liewen, genau esou eleng sinn, wéi hir Männer. An och inhaltlech geet et vill ëm Isolatioun an Elengsinn - dat wat hire Beruff eben ausmécht. D´Buch huet vill Elementer déi mir gutt gefall hunn, mee de Schluss gëtt dem Roman net gerecht, kënnt e bësse plëtzlech a passt esou net zum Recht vum Buch. Schued.

Déi däitsch Iwwersetzung vun "Der Leuchtturmwächter" ass beim S. Fischer Verlag erauskkomm.