De Jean-Michel Frank an d’Eugenia Errazuriz, zwee Nimm, déi engem vläicht net direkt bekannt virkommen. Ma spéitstens nodeems een dëst Buch gelies huet, weess een dass si ee groussen Deel zu der Geschicht a Kultur an enger donkeler Zäit bäigedroe hunn. Dem Jana Revendin säin neie Roman „Flucht nach Patagonien“ erzielt d’Geschicht vun dësen exzeptionelle Personnage, a weist eis eng Perspektiv aus der Zäit vum 2. Weltkrich déi vu Konscht, Nostalgie an Angscht gepräägt ass. D'Julie Mathes huet d'Buch gelies.

26/10/2021 Buch vun der Woch

Resumé
Paräis am Joer 1937. D‘Eugenia Erraruriz, a Patagonien opgewuess, ass eng selbstbewosst jüddesch Fra, déi als Konschtmäzenin bekannt gouf an zu Paräis d’Moderne weiderbruecht huet. Si huet scho Kënschtler ewéi de Pablo Picasso, den Igor Strawinski, d’Coco Chanel an de Paul Rosenberg ënnerstëtzt.
Den onbekannte, jüddeschen Innenarchitekt Jean-Michel Frank ass dem Eugenia seng neisten Entdeckung. Et stellt sech eraus dass dësen de Monni vum Anne Frank ass, deem seng Tagebicher zu de bekanntsten Temoignagen aus der Zäit gehéieren.
Dee jonke Mann hat keng Chance am Liewen. Als Kand vu Polio betraff, seng Bridder am éischte Weltkrich ëm d’Liewe komm a kuerz drop huet säi Papp sech d’Liewe geholl, wouduerch seng Mamm an Depressioune gefall ass. Doduerch war de jonken Innenarchitekt scho fréi op sech selwer gestallt an huet an der Zäit vum Nazi Opstig, der Zukunft als jüddeschen Homosexuellen net onbedéngt positiv an d’Ae gekuckt.
Déi erfollegräich Konschtmäzenin gleeft awer méi an de Jean, wéi hienb u sech selwer an engagéiert hien duerfir als Innenarchitekt fir hire Projet e Grand Hotel a Patagonien ze bauen. Dës stellt sech spéider eraus soll net nëmme si fir dass d’Eugenia hier nostalgesch Dreem verwierkleche kann, mee virun allem ass et eng Flucht vun den Nazien. D’Erzielgeschicht spillt zum Zäitpunkt, wou d’Eugenia an de Jean um Schëff an der Mëtt vum Atlantik sinn a kuerz vidru sinn d’Rees vun hirem Liewen unzegoen, déi sech net a Patagonien alleng ofspillt. Nieft dem Projet vum Grand Hotel begéinen déi zwee aussergewéinleche Personnagen, ewéi d‘Amelia Earhart an de Walter Disney a gläichzäiteg starte si eng Rettungsaktioun fir déi bedrote Judden an Europa ze befreien.
 
Auteur
D’Jana Revendin ass eng däitsch Architektin, Architekturtheoretikerin, a Schrëftstellerin. Mat hiren éischten zwee biographesche Romanen ‘Jeder hier nennt mich Frau Bauhaus: Das Leben der Ise Frank‘ a ‚Margherita‘ huet déi däitsch Schrëftstellerin sech an der Literaturszen een Numm gemaach. Mat hirem drëtte Roman ‚Flucht nach Patagonien‘ verëffentlecht si eng weider ’Biographie vun enger aflossräicher Fra aus der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert.
 
Appreciatioun
Den Erzielstil vun dëser Geschicht déi tëscht Paräis, Buenos Aires, Patagonien an New York spillt passt sech der Atmoshere vun de Plazen a Mënschen un. Eng lieweg an interessant Lektür, déi d’Liewe vun zwou aussergewéinleche Personnagen an hirem Entourage, der Konschtwelt, erzielt. Gläichzäiteg gëtt een als Lieser erëm un déi schrecklech Bedrohung vum Naziregimm fir d‘Juden erënnert. D’Jana Revendin bréngt et fäerdeg eng reell Biografie kombinéiert mam politeschen Hannergrond authentesch ze vermëttelen. Et ass ee Buch wat engem gläichzäiteg déi elle Realitéit virun d’Gesicht hellt an engem Hoffnung mécht, dass ee sech ëmmer fir een neien Ufank entscheede kann, well wéi d’Eugenia seet: „Anfänge füllen uns mit Ertaunen.“