1995 huet sech de Bernhard Schlink weltwäit mat sengem Roman „Der Vorleser“ als Bestseller-Auteur etabléiert. Zanterhier liwwert de Jurist a Schrëftsteller eis reegelméisseg Erzielbänner a Romaner. Säin neisten Wierk ass den 27.Oktober erauskomm, heescht „Die Enkelin“ a spillt sech, wéi sou dacks beim Schlink, an Däitschland an der Nokrichszäit of. D'Valeria Wiwinius huet d'Buch gelies.

09/11/2021 Buch vun der Woch: "Die Enkelin"

 „Die Enkelin“ ass d’Geschicht vum Kaspar, deen an de 60er Joren aus dem Westen an Ostberlin studéiere geet. Do léiert hien d’Birgit kennen an, wéi dat sou geet, verléiwe si sech aneneen. Hien hëlleft him doropshin bei hien an de Westen ze flüchten, si bestuede sech - hat gëtt Schrëftstellerin op Ëmweeër an hie mécht e Bicherbuttek op. Et schéngt wéi eng perfekt Bezéiung, bis op de Fait, dass d’Birgit iwwer d’Joren en Alkoholprobleem entwéckelt deen et am Endeffekt och säi Liewe kascht. No sengem Doud fënnt de Kaspar unhand vu sengen Notten a Recherchen eraus, dass d’Birgit schwanger war wéi si sech kenne geléiert hunn an dass hat säi Kand direkt no der Gebuert opginn huet. Doropshin mécht hie sech dann op d’Sich nom Kand a léiert dobäi seng Fra an Däitschland vun enger ganz anerer Säit kennen.

Obschonns et schéngt wéi wann ech elo scho vill verroden hunn, couvréiert de Roman esou vill verschidden Thematiken, dass dëst u sech nëmmen den Ufank resuméiert. „Die Enkelin“ ass nämlech immens déifgrënneg an informativ ouni dass et elo schwéier ze verstoen oder ze liese wier. Dat kéint engersäits doru leien, dass de Schlink haaptberufflech Jurist ass an deemno wierklech weess iwwer wat hie schreift a wéi een déi Informatiounen am Beschte ënnert d’leit bréngt. Anerersäits ass hien och der fester Iwwerzeegung dass – an ech zitéieren – „man in einer Demokratie alles jedem erklären können muss“. Deemno war an ass et him immens wichteg esou ze schreiwen, dass u sech jidderee suivéiere kann an eppes aus sengem Roman erauszéie kann. „Die Enkelin“ ass heibäi keng Exceptioun.

De Roman handelt an éischter Linn vun der Ost-West-Problematik déi och hautdesdaags nach net ganz schéngt verschwonnen ze sinn. Et geet awer och ëm Famill, ëm Léift a Vertrauen, mä och ëm Politik a rietsextrem Mouvementer, Erzéiung, Verrot a Bedruch. Et ass e Roman dee sech op historesch Fakte baséiert mä duerch d’Erzielform gräifbar gëtt. An et ass ee Roman deen eis, schonn erëm weist, dass et nach ëmmer méi iwwer den zweete Weltkrich an d’Nokrichszäit ze ziele gëtt, wéi een dat kéint mengen.