An eisem Buch vun der Woch reese mir zréck an d'1930er Joren an d'USA, méi genee an Texas. Do spillt nämlech dat aktuellt Buch vun der Schrëftstellerin Kristin Hannah, déi ënner ënner anerem duerch eng Partie Romaner wéi "Die Nachtigall" bekannt ass. An "Die vier Winde" erzielt si d'Geschicht vum Elsa Martinelli. D'Lea Schwartz huet et gelies

07/12/2021 Buch vun der Woch: die vier Winde

D´Elsa wiisst an enger klenger Stad an Texas op, wärend an den USA vill Leit d'Nowierkunge vum Boursecrash vun 1929 ze pieren kritt, wiisst hatt an enger Famill, bei där Sue keng grouss Roll spillen. Säi Papp verkeeft Trakteren an d'Landwirtschaft am Texas boomt. Ëmmer méi perfomant Maschinne gi kaaft, d'Felder ginn ëmmer méi grouss an esou gëtt sech erhofft och ëmmer méi Suen ze verdéngen. Am Alter vu 25 Joer léiert d'Elsa de Rafael Martinelli kenneléiert, hatt gëtt schwanger vun him an déi zwee bestueden sech. Hatt plënnert op sengen Elteren hiren Haff a léiert mam haarden Alldag um Bauerenhaff eens ze ginn a fënnt souguer Gefalen dorunner. Wärend hatt zwee Kanner grousszitt, spëtzt sech d'Dréchent an der sougenannter Dust Bowl, also Stëbschossel, wéi d'Great Plains demols genannt ginn, ëmmer méi zou. Déieren erhéngeren, d'Felder bréngen näischt méi an a virun allem d'Gesondheet vun de Kanner leit ëmmer méi ënnert de Sandstierm. Vill Familljen zéie fort, a Kalifornien gëtt engem ee bessert Liewe versprach. Och d'Martinelli-Famille steet virum Choix: Bléiwe bei deem wat ee kennt oder sech an dat Onbekannte woen an der Hoffnung do besser iwwerliewen ze kënnen.

++++

 

Et ass erfrëschend eng historesch Fiktioun mol aus der Sicht vun de Fraen ze liesen, d'Perspektiv wiesselt ëmmer nees tëscht dem Elsa a sengem Meedchen dem Loreda. Dofir sinn déi meescht Erliefnisser och ganz subjektiv aus hirer Sicht beschriwwen, wat déi meescht Charakteren, déi am Buch virkommen, relativ eesäiteg zréckléisst. Déi gutt sinn ëmmer gutt, déi béis sinn an handelen och ëmmer schlecht. Ouni, dass déi besonnesch vill reflektéiert ginn. Virun allem den Ufank huet puer Längten, trotzdeem ass et ee ganz emotionaalt Buch, wat beréiert an déi kleng Famill wiisst engem un d'Häerz. Et ginn Themen behandelt, déi een op alle Fall zum Nodenken ureegen. Menschen, déi hir Heemecht musse verloossen an eng Gesellschaft, déi hir Natur esou beusprocht, dass si selwer net méi dovunner liewe kann, ass och haut nach grad esou aktuell, och wann d'Haaptacteure vläicht anerer sinn.  

+++

 

D'Kristin Hannah gëtt dacks als Schrëftstellerin vu Libesromaner beschriwwen, "Die vier Winde" ass awer just ee Beispill, dass hir Wierker vill méi sinn, wéi just einfach Libesgeschichten. Schonn an "Die Nachtigall" erzielt si d'Geschicht vun zwou Frae wärend dem zweete Weltkrich. Mat hirem aktuelle Roman behandelt si ee Kapitel vun der amerikanescher Geschicht, dat op d'mannst eis an Europa manner bekannt dierft sinn. Schéi geschriwwen, ganz no un de Charakteren an domadder ass "Die vier Winde" fir mech eng liesenswäert Rees gewiecht.

An erauskomm ass d'Buch am Rütten & Loening Verlag.