Dem däitsche Schrëftsteller Andreas Pflüger säin neiste Roman „Ritchie Girl“ spillt sech kuerz nom zweete Weltkrich of, zu enger Zäit, wou ee Schold an Onschold praktesch net konnt ausenaner halen, an onmoralesch Decisioune mam Kale Krich justifiéiert goufen. Mir schreiwen d’Joer 1946 a sinn um amerikanesche Militärstützpunkt Camp King bei Frankfurt… D'Valeria Wiwinius huet d'Buch gelies.

16/11/2021 Buch vun der Woch: "Ritchie Girl"

„Ritchie Girl“ ass d'Geschicht vum Paula Bloom. Si huet als Duechter vun enger däitscher Mamm an engem amerikanesche Geschäftsmann e privilegéiert Liewen zu Berlin gefouert – bis hire Papp vun zwee volle Leit aus der „Sturmabteilung“ sou zerschloe gouf, dass e gestuerwen ass. Doropshin ass d’Paula an Amerika ausgewander,t wou et sech dem „Women’s Army Corps“ ugeschloss huet an am faméise Camp Ritchie ausgebilt gouf. Dohier kënnt dann och den Titel vum Buch.

1946 kënnt d’Paula dann als amerikanesch Besatzungsoffizéierin zeréck an e gebrachent Däitschland. Do sinn d'Nürnberger Prozesser grad a volle Gäng. Ob anere Plazen gëtt awer rëm vill mat Nazien kollaboréiert. Esou dann och am Paula sengem neien Doheem, engem Camp bei Frankfurt, wou den Interessi un der Sowjetunioun an um Kale Krich méi grouss ass, wéi deen un den Nazien an hirem rezente Passé. An dësem Ëmfeld soll d’Paula dann erausfannen, ob e gewësse Johann Kupfer wierklech de renomméierte Spioun aus dem Zweete Weltkrich ass, deen e virgëtt ze sinn, an deemno den Amerikaner kéint elo am Kale Krich weiderhëllefen. Am Prozess fënnt hatt dann awer nach ganz aner Saachen eraus an dat, souwuel iwwer de Johann Kupfer, wéi och iwwer sech selwer, seng Famill a seng Vergaangenheet.

„Ritchie Girl“ ass e Roman mat ville Facetten, engem detailléierte Schreifstil an ausgepräägte Charakteren. Et kommen och eng Rëtsch historesch Figuren dra vir, wéi zum Beispill den Amerikaner Allen Welsh Dulles, deen 1947 d’CIA matgegrënnt huet. An allgemeng sinn immens vill Allusiounen zu historesche Fakten an Evenementer. Dowéinst kéint et sinn, dass een eventuell e bësse brauch fir an d’Geschicht eranzekommen. E Prozess, dee sech awer definitiv lount.

Den Andreas Pflüger ass en däitsche Schrëftsteller, dee seng Karriär mat Audio-Bicher ugefaangen huet an du bei den Theater riwwergaangen ass. Am Beschte kennt een hie awer wuel fir seng Dréibicher. Esou huet hien zum Beispill 27 „Tatorte“ geschriwwen an zwee Documentairen iwwer Auschwitz gemaach. Iwwer di lescht Joren huet hie sech awer gréisstendeels nëmmen nach op seng Romaner konzentréiert, woufir en dann och eng Rëtsch Auszeechnunge krut. „Ritchie Girl“ ass säin neiste Roman an ass am September dëst Joer beim Suhrkamp Verlag erauskomm.