Zäitreese ware schonn ëmmer eent vun de Liiblingstheme vun der Literatur. Den H.G. Wells, den Isaac Asimov oder de Ray Bradbury sinn nëmmen e puer vun den Auteuren, déi sech mat dëser
Thematik beschäftegt hunn. De Femi Fadugba, e jonke britesche Schrëftsteller a Wëssenschaftler huet elo de Roman « The Upper World » geschriwwen, mat deem hie besonnesch Jonker de Konzept vun der Zäitrees méi no wëll bréngen, an dat mat Hëllef vun enger spillerescher Approche vun der Quantephysik. De Lucien Czuga huet « The Upper World » gelies.

21/12/2021 Buch "The Upper World" Femi Fadugba

Enges Daags ass den Esso, e jonke Schwaarzen aus dem Süde vu London, zoufälleg mat enger Jugendgang, de Roadmen, ënnerwee, wéi déi de Bloodshed begéint, de Brudder vum D, dee beim Esso an der Klass ass. Dee gëtt vun der ganzer Gang zerschloen, ouni dass den Esso eppes kann dogéint maachen. An och wann hie selwer sech am Hannergrond hält, ass hie sécher, dass de Bloodshed hien erkannt huet an him bei der éischter Geleeënheet zesumme mam D wäert oplaueren fir en zerguttst ze zerschloen. Vun deem Moment un ass den Esso sech senges Liewes net méi sécher, bis hien e puer Deeg méi spéit an en Autosaccident geréit an an der »Upper World » lant, enger Parallelwelt, déi him et erméiglecht an d’Zukunft ze gesinn. Do geschitt awer eppes, dat hien onbedéngt verhënnere muss. Eenzeg Léisung: eng Zäitrees an d’Zukunft. Mat Hëllef vun der Quantephysik mécht hien sech op de Wee. Parallel dozou gëtt d’Geschicht vum Rhia erzielt, dat am Joer 2035 lieft, an nëmmen een Zil huet: seng Mamm kennen ze léieren! A wéi hatt op eemol en neie Schoultuteur kritt, e gewëssen Esso, fënnt et bei deem eng Foto vun senger Mamm…

Et kënnt scho siele vir, dass een an engem Jugendbuch mat e puer vun de Grondbegrëffer vun der Physik an der Quantephysik konfrontéiert gëtt an déi op eng spilleresch Manéier erkläert kritt. Kee Wonner, dass dat bei « The Upper World » de Fall ass, well den Auteur, de Femi Fadugba, een am Togo gebuerenen Nigerianer, e Master a Quantephysik vun der Universitéit Oxford sain eegen nennt. A wann een dann och nach esouvill Talent, Witz a Kreativitéit huet, fir zwee Handlungsniveauen an Zäitraim zu enger spannender Intrig ze verschmëlzen, an de Lieser quasi en passant och nach iwwer d’Grondbegrëffer vum englesche Jugendslang vun haut z’informéieren, dann huet een och als Schrëftsteller eng gewëss Meeschterschaft erreecht!

« The Upper World » vum Femi Fadugba ass op Däitsch beim cbj-Verlag erauskomm