Wie kennt en net: de bekannten Dallmayr Kaffi. An och wann een nach ni zu München war, wëssen der vill aus der Reklamm, wéi de renomméierte Buttek fir Delikatessen, wou de Kaffi verkaf gëtt, ausgesäit. Mee wat stécht eigentlech hannert dem Traditiounsgeschäft. Dat neit Buch vum Lisa Graf "Dallmayr - Der Traum vom schönen Leben", erzielt dës Familljegeschicht. D'Tiffany Saska huet et gelies.

28/12/2021 Buch vun der Woch: "Dallmayr" - Lisa Graf

1897 iwwerhuelen d'Therese and den Anton Randlkofer de Buttek Dallmayr, deen a ganz München fir seng Delikatesse bekannt ass. Hire Clientë proposéiere si nëmmen di beschte Qualitéit an di aussergewéinlechst Liewensmëttel. Virun allem d'Therese huet e Gespier fir d´Wënsch vun der gehuewener Gesellschaft, a beweist den néidegen ekonomesche Geschéck. Hire Mann Anton stierft leider kuerz Zäit dono, esou datt d´Therese elo eleng verantwortlech ass fir d´Geschäft. Ënnerstëtzt gëtt si dobäi vun hire Kanner a Frënn vun der Famill, mee net jiddereen ass dem Dallmayr Geschäft an der Famill Randlkofer gutt gesënnt, virun allem de Brudder vum verstuerwenen Anton plangt Intrigen, well hien de Buttek iwwerhuele wëll. Mee dat léist d´Therese sech net bidden!

D´Koppel Anton an Therese Randlkofer gouf et tatsächlech an si hunn effektiv den Tradiounsbetrib Dallmayr Enn vum 19ten Joerhonnert iwwerholl. An awer ass dem Lisa Graf säi Buch keng Familljesaga, mee eng Mëschung aus Realitéit a Fiktioun. D´Schrëftstellerin huet versicht méi iwwert d´Famill erauszefannen, mee leider ginn et, och an den Archiven, net vill Informatiounen. Di dräi am Buch genannten Kanner, déi och hir Roll spillen, gouf et awer, mee weider wichteg Personnagen goufen aus dramaturgeschen Grënn dobäi erfonnt, warscheinlech och fir den Lieser bei den iwwer 600 Säiten um Ball ze halen.

Dem Lisa, eigentlech Elisabeth Graf, wat bekannt ass fir seng Krimien a Reesbicher, geléngt et d´Geschicht vun engem Traditiounsbetrib an engem flotten a spannende Roman ze verschaffen. Och wa villes fiktiv ass, esou mierkt een, datt si sech mat der Vergaangenheet vun dem 300 Joer ale Betrib ausernee gesat huet. Hiren angeneeme Schreifstil mécht net nëmmen, datt d´Buch gutt ze liesen ass; nee dem Lisa Graf geléngt et och, d´Stad München an hirer ganzer Villfalt an dëser Zäit flott ze beschreiwen. Och wichteg Perséinlechkeete ginn zwar nëmme kuerz genannt, mee passen an d´Gesamtbild an de Lieser ka richteg an déi Zäit andauchen. Wie sech fir historesch Familljegeschichte begeeschtert, gëtt och sécher bei dësem Buch net enttäuscht. An den zweeten Deel vun der Trilogie kritt een och schonns ze kafen. Et dierf een also gespaant sinn, wéi et virun geet.

D'Buch "Dallmayr- Der Traum vom schönen Leben" ass bei Penguin erauskomm.