D’Janni Pedersen a de Kim Faber sinn eng Koppel an allebéid Journalisten. Hiren éischte Krimi ass 2019 an Dänemark als beschten Debut ausgezeechent ginn. Mëttlerweil ass en och op Däitsch eraus komm. An dem Krimi geet em en Attentat zu Kopenhagen an e grausame Mord um Land an Dänemark. D’Sandra Mélan huet Winterland gelies.

04/01/2022 Buch vun der Woch: Winterland (Internet)

Mir léieren als Éischt d‘Kommissärin Signe Kristiansen kennen. Si leet d‘Ermëttlungen an engem schrecklechen Attentat um Chrëschtmaart zu Kopenhagen. Si kënnt do eréischt weider, nodeems si en anonymmen Typ kritt huet. Am Privaten ass si bestuet, huet 2 Kanner an huet Problemer mat engem Aarbechtskolleeg an déi Situatioun huet Repercussiounen op hiert Privatliewen. Awer mam Martin Junckersen, genannt Juncker, huet si e gutt Aarbechtsklima. Si sinn déi beschten Ermëttler an Dänemark. De Juncker gouf awer, duerch e Feeler vun him op d’Land, op Sandsted, an e Policebüro versat. Do ass hien de Chef. Direkt am Ufank ass do vill Aarbecht ugesot. E grausamen Doppelmord an och en Uschlag op en Asylantenheem maachen him a sengen 2 Aarbechtskolleege vill Kappzerbrieches. Am Juncker sengem Privatliewen huet hien et och net ganz einfach. Zu Sandsted lieft säi Papp, deen Demenz huet. De Juncker an d’Signe kënnen awer op en Neits zesumme schaffen. A wat dobäi raus kënnt, domat hat kee gerechent.

*****
Déi zwee Auteure Kim Faber an Janni Pedersen hunn et fäerdeg bruecht d’Geschicht esou realistesch ze beschreiwen, datt een sech alles gutt ka virstellen. De Kim Faber war zoustänneg fir dem Juncker säin Deel an d’Janni Perdersen fir dem Signe säin Deel. Esou kritt een ofwiesselend aus den zwou Perspektiven erzielt. Fir mech kann een d’Buch och zu de Polit-Thrilleren zielen an deem niewent dem Terror, der Gewalt och nach Problemer aus dem Alldag thematiséiert ginn.

******
Ech kann dëst Buch "Winterland" de Krimi-Fans nëmme recommandéieren. Et ass dat éischt Buch vun op d'mannst dräi. No Todland, soll dann och Blutland erauskommen. Ech si ganz gespaant op den nächste Fall vum Signe Kristiansen a vum Martin Junckersen.

Winterland ass am Blanvalet Verlag eraus komm.