Max Korn ass ee vun dräi Pseudonyme vum däitschen Auteur Oliver Kern.
Säin Duerchbroch hat hien 2013, a vun do u fënnt ee seng Romaner reegelméisseg an de Spiegel-Bestsellerlëschten.
De Kern huet en Deel vu senger Jugend an engem bayreschen Duerf verbruecht. Geschichten a Legenden aus deem Eck hunn hien zu senger neier Trilogie inspiréiert. Den éischten Deel, TALBERG 1935, ass eist Buch vun der Woch. D'Manon Bercker huet et gelies.

11/01/2022 Buch vun der Woch: "TALBERG 1935" (Internet)

Talberg ass en ofgeleeënt Duerf am déifste Bayern. Mir schreiwen Hierscht 1935. D’Leit sinn nach ëmmer markéiert vun den Nowierkunge vum éischte Weltkrich, traumatiséiert a perspektiivlos. An deen nächste Krich kënnegt sech schonn un.
Deen, deen hei eppes ze soen huet, ass dee räiche Bauer Josef Steiner. Hien ass en Tyrann; géint dee choleeresche Mann kënnt keen un, weeder am Duerf, nach a senger Famill. Fraen hu scho mol iwwerhaapt näischt ze mellen, si solle schaffen, Kanner kréien a sech ducken…
An da geschéien dräi Morden an Zäit vu 24 Stonnen. Ënnert den Doudegen ass de Wilhelm, eelste Jong vum Steiner. Deen Ale rifft d’Police. Sou kënnt de Karl an d’Duerf, e jonke Gendaarm aus der Landeshauptstadt. Hie probéiert erauszefannen, wat déi dräi ganz ënnerschiddlech Affer mateneen ze dinn haten, a wat d’Motiver kéinte sinn. Bei den Duerfleit fënnt de Karl keng Hëllef, déi eenzeg Ënnerstëtzung kritt hie vum Elisabeth, dem Wilhelm senger jonker Wittfra.

E Kaff um Enn vun der Welt, alles wéi net idyllesch, verbattert Leit, déi ee géint deen aneren intrigéieren, ee méi wéi rauen Ëmgangstoun, oder wéi e Kritiker schreift : „… eine düstere Geschichte in einem düsteren Ort, mit düsteren Menschen, ein niederbayrischer Ort, in den wohl freiwillig kein Mensch ziehen würde“, dat sinn d’Ingrédiente vum Roman „Talberg 1935“.
‘t ass fir de Lieser net ganz einfach, an d’Geschicht eranzekommen. Dem Max Korn säin distanzéierten, emotiounslosen Erzielstyl an déi zimmlech onsympatesch Protagoniste maachen den Zougang schwéier. Gutt, dass et dann awer och empathesch Personnagë ginn : d’Elisabeth, als Duechter vun enger „Hex“, ze schéin an ze schlau fir sech ënnerdrécken ze loossen, an de Karl, ee vu „baussen“, deen - trotz heftege Widderstänn - dat ganzt ongesond Duerfgeflecht duerchkuckt an opdeckt.

TALBERG 1935 ass kee liichte Kascht, awer eng intressant Geschicht, erzielt aus zwou Perspektiven, Fudder fir Lieser, déi gär a méi eng luguber Atmosphär andauchen. A si däerfe sech op zwou Fortsetzunge freeën!

"TALBERG 1935" ass am HEYNE Verlag erauskomm.