En neie Roman vum Michel Houellebecq ass ëmmer nees en Evenement. Et huet een d’Impressioun, datt déi ganz literaresch Communautéit ee Moment stoebleiwt an Otem hëlt fir dat Evenement ze  verdauen, sech d’Ae reiwt a sech freet : « Mat wat wëll en eis dann dës Kéier iwwerraschen oder Angscht maachen ? » De Lucien Czuga huet sech schlau gemaach an ''anéantir'' deen neie Roman vum Michel Houellebecq gelies.

18/01/2022 Buch vun der Woch: "Anéantier" vum Michel Houellebecq

''anéantir'', den neie Roman vum Michel Houellebecq, erzielt d’Geschicht vun enger dysfunktionaler Famill. Mä en erzielt och d’Geschicht vun der franséischer Présidentielle vun 2027. An déi vun enger Rei vun terroristeschen Attentater, bei deenen ënner anerem méi wéi 500 Migranten am Mëttelmier erdrénken.

Déi dysfunktional Famill, dat ass déi vum Paul Raison, engem enke Beroder vum franséische Wirtschaftsminister Bruno Juge. Zesumme mat senger Schwëster Cecile, enger kathoulescher Integristin an sengem klenge Brudder Aurélien, dee vu Raten zerfriessen Tapisserien an düstere Schlässer restauréiert, entféieren si an enger Kommando-Aktioun hire Papp Edouard aus sengem Fleegeheem, wou en neien Direkter e vill méi e strenge Régime ageféiert huet a bréngen deen an engem alen Haus ënner, dat hinne gehéiert.

Dës Aktioun dréit awer op de Wirtschaftsminister zréckzefalen, dee grad matzen an de Presidentschaftswale fir 2027 stécht, an sech gutt Chancen ausrechent, hannert deem warscheinlechen neie President, engem ignoranten Televisiounsanimateur, de staarke Mann vun der nächster Regierung ze ginn. Dofir hëlt de Paul ee Joer laang Congé sans solde an an där Zäit kënnt seng Fra Prudence, mat där hie jorelaang laanschtenee gelieft huet, him nees méi no an et entwéckelt sech e Sexliewen, méi staark wéi alles, wat déi Zwee virdru kannt hunn.

Gläichzäiteg hält eng Rei vun Attentater, bei deene mysteriéis Cyberterroriste Schëffer mat Torpedoe a geheim Laboen zerstéieren, d’Geheimdéngschter aus der ganzer Welt an Otem, mä den Houellebecq léisst dës Pist op eemol am Sand verlafe fir sech op dem Paul säi Sexliewen ze konzentréieren bis, jo bis bei deem eng onheelbar Krankheet diagnostizéiert gëtt…

Déi Lieser, déi an ''anéantir'' hiren Houellebecq wëllen erëmfannen, deen nihilisteschen Hypochonder, deen seng Epoque ënnert dem sarkastesche Mikroskop analyséiert oder dee mat senger béisaarteger Fieder all Ecofaschist an anere bornéierte Guttmënsch opspiesst a lächerlech mécht, wäerten op hir Käschte kommen. Mä si wäerten och en Houellebecq entdecken, dee méi guttmiddeg ginn ass, besonnesch wann hien de franséische Wirtschaftsminister beschreift, an deem een ouni Problem deen aktuelle Minister Bruno Le Maire, e gudde Frënd
vum Auteur am reelle Liewen, erëmerkenne wäert.

Mä wat dee ganze Roman duerchzitt, ass eigentlech eppes typesch houellebecqescht, an zwar d’Hoffnung. D’Hoffnung op e bessert Liewen, ënner anerem duerch d’Fortschrëtter vun der Medezin, an dat souwuel am privaten wéi och fir d’Welt ganz am Allgemengen !

''anéantir'' ass op Franséisch bei Flammarion erauskomm