Am Buch vun der Woch maache mir eng kleng Rees duerch d'Zäit a fannen eis zréck am Joer 1929. Die Blankenburgs vum Eric Berg ass den Optakt vun enger Rei, a begleet déi fiktiv Famill, wéi et den Titel vum Buch scho seet, Blankenburg duerch déi turbulent Zäit an Däitschland aus de 1930er Joren. D'Lea Schwartz huet d'Buch gelies. 

25/01/2022 Buch vun der Woch - Die Blankenburgs

D´Elise Dobel huet sech ni Gedanken iwwer Sue misse maachen, hiert ganzt Liewe laang net. Si kënnt aus der Famille Blankenburg, enger räicher Famill, déi zanter Joerzéngten dee schéinsten an deierste Porzeläin hierstellt. Iwwer Generatioune geet d´Féierung vun der Familljendynastie vun engem Patriarch un deen nächsten. Esou och un dem Elise Dobel säi Papp. Bis hie stierft an d'Famill, d'Fabrik an enger denkbar schlechter Zäit zeréckléisst. D'Elise a seng Schwëster ierwen d`Geschäft. Et dauert net laang bis, datt och anerer hiren Deel vum Kuch, oder dem Porzeläin wëllen hunn. Grad esou wéi d´Fabrik ass ganz Däitschland am Ëmbroch. Et ass d'Joer 1929, d'Bourse ass fir d´éischt zu New York kollabéiert, duerno och um Rescht vun der Welt. Däitschland kämpft mat Aarmut, den Nowierkunge vum éischte Weltkrich an d'Famill ass méi wéi just e bëssen zerstridden.  "Die Blankenburgs" begleet verschidde Memberen aus der Famill duerch d'Zäit an erlieft aus verschiddene Perspektive mat, wéi d´Nazien an Däitschland ëmmer méi u Muecht gewannen an déi verschidde Figure reagéieren och all anescht op d´Politik an d´Verännerunge vun der Zäit..

Den däitschen Auteur Eric Berg wäert deenen enge vläicht och ënnert dem Numm Eric Walz bekannt sinn. Do huet hie schonn historesch Romaner publizéiert, war a senge Geschichten ënner anerem schonn am ale Roum oder am mëttelalterlechen Adel ënnerwee. Ënner sengem Pseudonym Eric Berg huet hien déi lescht Jore virun allem Kriminalromaner geschriwwen an stoung domadder och schonn op Bestsellerlëschten. 2017 gouf säi Buch "Das Nebelhaus" verfilmt. Mat sengem neiste Buch versicht hie sech nees un engem historeschen Roman.

A mat der Geschicht kennt hien sech gutt aus, déi verschidden Eventer si gutt recherchéiert an detailléiert beschriwwen, déi ganz Geschicht, déi d´Haaptfiguren erliewen, ass enk mat der Politik vun der Zäit verbonnen. Tëscht deene verschiddene Charakteren, spréngt den Auteur och ëmmer nees an der Zäit no vir. Et gi vill verschidde Voleten, déi sech gläichzäiteg ofspillen an och wann et an enger Zäit spillt, déi gutt a vill beschriwwen ass, packt et d´Buch nach eng Kéier vläicht déi eng oder aner nei Informatioun oder Perspektiv ze beschreiwen.

An erauskomm ass "Die Blankenburgs" op Däitsch am Blanvalet Verlag. Een zweeten Deel ass och geplangt.