De Roman „Im Menschen muss alles herrlich sein“ ass der Theaterautorin a Schrëftstellerin Sasha Marianna Salzmann hiren zweete Roman an zielt vum Liewen an der Sowjetunioun, der "Perestroika" an dem haitegen Däitschland. Erzielt gëtt aus véier verschiddene Perspektiven - vun zwou Mammen an zwou Duechteren. D’Valeria Wiwinius huet d’Buch gelies.

01/02/2022 Buch vun der Woch - "Im Menschen muss alles herrlich sein"

Mammen an Duechtere sinn och wierklech d'Schlësselwierder an dësem Roman an zwar vun den éischte Säiten un. „Im Menschen muss alles herrlich sein“ fänkt in medias res un, also matzen an der Aktioun. Ëm genau ze sinn an engem Haff wou een zu deen Ament onbekannten Erzieler d'Situatioun aus senger Perspektiv erkläert, ouni dobäi awer e gréissere Kontext ze ginn. Wat awer kloer ervirgeet ass, dass am Haff zwou Mammen an zwee Kanner sinn: d'Haaptpersoune vun dësem Buch. No dësen éischte Säite wiesselt dann net nëmmen d'Perspektiv ma och d'Zäit. Mir sinn an den 1970er Joren an der Sowjetunioun. Hei lieft d'Lena, zesumme mat sengem Elteren. Säi Papp ass säin absolutten Held - mat senger Mamm huet d'Lena eng éischter komplizéiert Relatioun. Trotzdeem ass de Schock immens grouss wann hat rausfënnt, dass seng Mamm schwéier krank ass. Wéi d'Famill sech un d'Doktere wend, gesäit d'Lena fir d'éischt Kéier d'Realitéit vu sengem Heemechtsland. Ouni en extra Batz Geld a Geschenker gëtt et weder eng Diagnose, nach en Traitement. Esou léiert d’Lena a jonke Joren, wat et bedeit an enger Welt ze liewen, wou Korruptioun a Bestiechungen un der Dagesuerdnung stinn a wou een nëmmen iwwerlieft wann een dat Spill matmécht. Ma wéi bleift een en anstännege Mënsch an esou enger Welt? Wéi mécht ee säi Wee an esou engem Land?

Iwwer di nächst Kapitele gi mir mam Lena an d’Schoul, dann op d’Uni an op d’Aarbecht. Mir kréien en Abléck a säi professionellt a privat Liewen, seng Frëndschaften an a seng romantesch Relatiounen. Da léiere mir dem Lena seng Duechter, d’Edita, kennen a säi Mann. Schlussendlech begleede mir di dräi an Däitschland, wou si an der Industriestad Jena landen. Vun hei aus wiesselt d’Perspektiv tëschent engem erwuessenen Edita, dem Lena senger Frëndin an hirer Duechter. Eng beweegend Geschicht déi net nëmmen d’Problematik tëschent Kanner an Eltere weist, mä och vu sozialen an historesche Fakten zielt déi een aus dëser Siicht vill ze seelen héieren huet.

„Im Menschen muss alles herrlich sein“ ass dem Sasha Marianna Salzmann hiren zweete Roman a schwätzt iwwer Themen déi der Schrëftstellerin selwer dierfe bekannt sinn. Si ass nämlech 1985 zu Wolgograd a Russland gebuer an huet hir éischt 10 Joer mat hiren Elteren zu Moskau verbruecht, befiert déi ganz Famill an Däitschland geflücht ass. Hei huet si hir Studie gemaach, ass Hausautorin vum Maxim-Gorki-Theater zu Berlin ginn a schreift reegelméisseg Essays, Theaterstécker an Artikelen. Zanter 2017 huet si elo och zwee Romaner an hirem Repertoire – béid ware fir eng Rëtsch Präisser nominéiert, ënner anerem fir den Däitsche Buchpräis.

„Im Menschen muss alles herrlich sein“ ass am September 2021 beim Surkamp Verlag erauskomm.