1967 ass den Auteur vum Buch vun dëser Woch zu Wien op d’Welt komm. De Marc Elsberg lieft och haut an dëser Stad. Hie war Strategie- a Kreativberoder fir Publicitéit an huet fir déi éisträichesch Zäitung „Der Standard“ geschriwwen. International bekannt ginn, ass hien duerch seng Bicher Blackout, Zero, Helix a Gier. Säin aktuellt Wierk ass e Politthriller: der Fall des Präsidenten. D’Sandra Mélan huet genee dëst Buch gelies.

08/02/2022 Buch vun der Woch: Der Fall des Präsidentin (Internet)

D’Buch fänkt domadder un, datt eng Persoun a Griicheland festgeholl gëtt. Hei handelt et sech awer net ëm egal wien. Et ass de fréieren amerikanesche Präsident, den Douglas Turner. Den ICC, den International Criminal Court vun Den Haag sicht den Douglas Turner wéinst Krichsverbriechen un. Den ICC gëtt zu Athen vun enger intelligenter, couragéiser Affekotin vertrueden, dem Dana Marin. Si war als Kand aus Sarajewo an Däitschland geflücht. Ënnerstëtzt gëtt si bei deem ganze Prozess, vun engem griicheschen Affekot, dem Vassilios. Net nëmme si hunn domat ze kämpfen, datt si diffaméiert ginn. Si erliewen och Drohungen, finanziell Konsequenzen, Erpressungen an Attentater. Den aktuellen amerikanesche Präsident, den Arthur Jones, ass matten an der Walcampagne an hie kann sech kee esou e Skandal erlaben. Hie versicht mat all senge Mëttelen, déi a sénger Muecht stinn, géint des Arrestatioun virzegoen. Op verschiddenen Niveauë gëtt ebe versicht den Ex-Potus aus dem Korydallos-Prison erauszekréien; sou séier wéi méiglech nach éier hien op Den Haag ausgeliwwert soll ginn. Wien am End Effekt gewënnt ass laang net gewosst.

*******
Och wa vun Ufank u vill Protagonisten matwierken, schielt sech awer mat der Zäit eraus, wéi eng déi Wichtegst sinn. De Marc Elsberg versteet et de Spannungsbou konstant héich ze halen. D’Mëschung vu Fiktioun a Realitéit mécht et sou ëmsou méi interessant, wouduerch e sech alles besser virstelle kann. Den Tempo huet den Auteur och héich ugesat. D’Gläichgewicht tëscht Informatiounen an Emotiounen ass him och gutt gelongen.

*******
De Marc Elsberg huet mat «Der Fall des Präsidenten» absolut gewosst z’iwwerzeechen. Et mierkt een och, datt hien am Virfeld vill recherchéiert hat. Hie behaapt jo selwer vu sech, datt hien en News-Junkie ass. Et ass also e Buch dat derwäert ass fir ze liesen.

Der Fall des Präsidenten vum Marc Elsbert ass am Blanvalet Verlag eraus komm.