Vältesdag ass zwar elo eriwwer, romantesch gëtt et awer elo nach eng Kéier - am Buch vun der Woch. "Die letzten Romantiker" vun der amerikanescher Schrëftstellerin Tara Conklin. D'New York Times Bestsellerautorin huet awer keng Libesgeschicht geschriwwen, mee eng Familljegeschicht, d'Léift an d'Tragedie déi engem d'Liewe bréngt.

15/02/2022 Buch vun der Woch: Die letzten Romantiker

An "Die letzten Romantiker" léiert een op deenen éischte Säiten d'Fiona Skinner kennen, eng 102 Joer al Damm a berüümten Dichterin, déi zréck op hiert Liewe kuckt. D'Fiona ass dat jéngst vu véier Geschwëster, wéi hat knapps fënnef Joer huet, stierft de Papp vun der Famill. Do setzen d'Erënnerunge vum Fiona un. Eng Tragedie, déi och d'Basis fir alles leet, wat d'Mamm an d'Kanner an hirem Liewe soss sollen erliewen, et bestëmmt d'Bezéiung ënnerteneen, mee och a wéi eng Richtung si sech entwéckelen, wat si vum Liewen denken a wéi si och anere Mënsche begéinen. Déi éischt dräi Joer nom Doud vum Papp, huet d'Mamm eng schwéier Depressioun, déi dauert dräi Joer laang un an d'Kanner nennen si déi "Grouss Paus."

Tara Conklin kënnt selwer aus enger grousser Famill, wéi si a verschiddenen Interviewen erzielt, huet si d'Iddi fir dëst Buch schonn zanter puer Joer, elo ass et hir gelongen et ëmzesetzen. An hirer Famille gouf et och eng Tragedie, déi d'Dynamik an déi eenzel Familljemembere beaflosst huet, an dat iwwert Generatiounen. Dat huet si inspiréiert. Och an anere Romaner vum Tara Conklin beschäftegen sech mat alldeeglechen Themen oder Froen, déi an all Famille kënne virkommen an hëlt si an hir Eenzeldeeler zesummen. Wat heescht et sech Doheem ze fillen? Oder wéi am Fall vum Buch "Die letzten Romantiker" Wat heescht et eng Famill ze sinn, wéi eng Traumata iwwerliewen d'Generatiounen a prägen nach d'Leit, déi no engem kommen?

Mir huet "Die Letzten Romantiker" immens gutt gefall, déi detailléiert Beschreiwungen, laang Säite wou wéineg geschitt, een awer esou vill iwwert Charaktere léiert. Den Zesummenhalt an d'Léift déi d'Geschwëster fir eneen hunn, ass immens schéin an si wuessen engem iwwert d'Säiten un d'Häerz. Ech verstinn awer, dass et kéint als laangootmeg empfonnt ginn. Wien awer ee Frënd vu schéiner Sproch ass, sech gären Zäit hëlt fir Bezéiungen ze verstoen a Charakteren an hir Handlungen analyséiert, dierft bei "Die letzten Romantiker" gutt zerwéiert sinn. Wien dogéint léiwer vill Spannung an Handlung a Bicher huet, kéint bei dësem Buch ongedëlleg ginn.

Erauskomm ass "Die letzten Romantiker" op Däitsch am HarperCollins Verlag.