Eng Fra kalbliddeg ermort an hirem Appartementzëmmer. E Kommissär tappt verzweiwelt hannendrun an zwee Noperen wou een net weess a wéi wäit si an dës Saach verwéckelt sinn. Dat ass d'Thema am Henri Faber sengem Debüt Thriller "Ausweglos." Ma wann ee Spannung an Emotiounen gäer huet leet en dëst Buch net méi aus den Hänn, Julie Mathes.

22/02/2022 Buch vun der Woch mat USO

D'Geschicht gëtt aus dräi Perspektiven erzielt. Op der enger Säit gewënnt een en Abléck an d'Gedanken an an d'Liewen vum Elias Blom, e Kommissär dee fréier bei der Mordkommissioun geschafft huet a fir dëse Fall nees erbäigeholl gëtt. Et ass nämlech ee Mord dee staark un dräi fréier Fäll erënnert, wou bis dato nach net fonnt ginn ass wien hei de Mäerder war. Den Tatort gesäit d'selwecht aus. De Kierper ass d'selwecht opgeschnidden. Souguer d'Bluttschrëft un der Mauer gesäit eent zu eent aus wéi um Tatort vun deenen aneren dräi jonke Fraen. Mee genau wéi deemools gëtt et bis op d'Geschlecht an den Alter keng Gemeinsamkeeten. Eppes ass awer anescht. Et gëtt een Zeien. Den Noah Klingeberg deen am Appartement niewendrun mat senger Fra Linda wunnt louch um Buedem zesummegeschloen nieft der Läich. Wat huet hie gesinn? Wéi ass et dozou komm? A wien ass dee Psychopat deen hei dohannert stécht?

Dëse Froen geet den Elias Blom op d‘Spuer. Nieft dem Kommissär senger Perspektiv, gëtt de Lieser d‘Geschicht och nach aus der Perspektiv vun den Noperen, Noah a Linda, gewuer. Duerch dës dräi Perspektiven kann een an den dräi Haaptpersonnagen hir Käpp andauchen an esou mat erliewen wéi dëse Mord hiren Alldag op d'Kopp stellt. Mee do schläicht sech mat Momenter nach eng véiert Perspektiv an. Dës bleift awer anonym. Ass et de Mäerder? Kennt een dësen? Wat ass d'Wouerecht a wien litt a senge Geschichten? Ass den Noah Klingberg wierklech just d'Affer oder huet hien och eppes heimat ze dinn?
Dës Froen loossen een als Lieser net lass. Donieft spille Jalousien, Verzweiwlung, a Léift eng wichteg Roll am Buch. Eng Achterbunn vun Emotiounen also, wou een et net erwaarde ka fir endlech erauszefannen wien dëse Mäerder ass a wéie Rateschwanz un der ganzer Geschicht nach hannendrun hänkt.

Den Henri Faber huet mat dësem Debut Thriller sech definitiv een Numm gemaach. D‘Aart a Weis wéi d‘Geschicht erzielt ass, aus deene verschiddenen Perspektiven, erlaabt engem eng ganz besonnesch Relatioun zu de Charakteren opzebauen. An eppes ass sécher: Dësen Thriller geet ënnert d'Haut, léisst een als Lieser net lass a léisst een aktiv mat sichen no engem Auswee aus der ganzer Situatioun.

Ausweglos vum Henri Faber ass beim Verlag dtv erauskomm.