Krimien, an deenen et ëm Serial-Killere geet, gëtt et mëttlerweil wéi Sand um Mier. Mä een, wou den Täter bei sengem eegene Prozess selwer am Jury sëtzt, op déi Iddi wor bis elo nach kee komm. Den iresche Krimiauteur Steve Cavanagh huet dëst Gedankenexperiment gewot an de Lucien Czuga seet eis elo, op him dat gelongen ass.

01/03/2022 Buch vun der Woch: Thirteen

Am amerikanesche Justizsystem sëtze bei engem Prozess, wou et ëm Mord geet, zwielef Männer a Fraen an der Jury, déi sech alleguer mussen eens sinn, wann et drëm geet, den oder déi Ugeklote schëlleg ze spriechen oder och net. Dës Geschwuere gi wärend enger Prozedur, déi méi oder manner laang dauere kann, ofwiesselend vun der Uklo an der Defense erausgesicht. Dobäi däerfe se vun der Dot selwer näischt wëssen an och keng Prejugéen dem Ugeklote géintiwwer hunn. Fält een oder eent vun hinnen aus, gëtt hien oder si duerch en dräizéngte Juré ersat.

An dësem Fall dréit de Prozess sech ëm en Duebelmord. De Bobby Solomon, e jonken Hollywoodstar, soll seng Fra an säi Security-Chef ëmbruecht hunn, nodeems hien déi zwee nuets zesummen am Bett erwëscht huet. Verdeedegt gëtt de Bobby vun engem vun deene beschten Affekote vun New York, dee sech fir dëse Fall den Eddy Flynn zur Säit geholl huet, dee bis elo éischter duerch e puer spektakulär Prozesser opgefall ass. Allebéid sinn se vun der Onschold vun hirem Client iwwerzeegt, mä d’Beweiser schwätzen awer géint deen.

Iwwerdeems ass de Joshua Kane, deen eigentleche Killer, amgaangen d’Lëscht vun senge Victimmen ze vergréisseren doduerch, dass hien ee vun de méigleche Geschwuerenen ëmbréngt an deem seng Identitéit iwwerhëlt, well hien e Meeschter am Verkleeden a sech schminken ass. Sou fält et him net schwéier, als 13. an éischten Ersatz an de Jury gewielt ze ginn. An nodeems hien och en zweete Juré brutal eliminéiert huet, sëtzt hien op eemol an sengem eegene Prozess op de Geschwuerenebänken. Mä wat de Prozess sengem Enn ëmmer méi no kënnt,  wat den Eddy Flynn sech ëmmer méi sécher ass, datt deen eigentleche Killer ënnert de Geschwuerenen ze fannen ass. Ier hien awer erausfënnt,
ëm wien et sech handelt, geréit hie selwer och a Liewensgefor…

''Thirteen'' vum Steve Cavanagh huet alles, wat e spannende Krimi ausmécht : eng originell Grondiddi, e skrupellose Mäerder, dee vru kenger Schänterlechkeet zréckschreckt, wann et drëm geet, Mënschen ëm den Eck ze bréngen a virun allem eng total iwwerraschend Opléisung. De Lieser gëtt vun der éischter bis zur leschter Säit an Otem gehal doduerch datt e soit dem Eddy Flynn, soit dem Killer seng Iwwerleeungen an
Handlunge matkritt a bis zum Schluss weess hie, genee wéi den Affekot, net, wien de kriminelle Geschwuerenen ass ! Eng Viraussetzung deemno, wéi een se net besser vun engem spannende Krimi verlaange kann !

''Thirteen'' ass op Däitsch bei Goldmann erauskomm