Déi éisträichesch Autorin Eva Menasse gouf 1970 zu Wien gebuer. No hirem Germanistik- a Geschichtsstudium schafft si als Redakteurin bei diversen Noriichtemagaziner.
Scho ganz fréi huet si sech politesch engagéiert. Bei hirem Roman DUNKELBLUM- deen op reelle Fakte baséiert- setzt si d'Lous vun de Judden am 20te Joerhonnert an de Fokus. D'Manon Becker huet "Dunkelblum" gelies.

08/03/2022 Buch "Dunkelblum" vum Eva Menasse

Dunkelblum ass en Duerf an Eisteräich, direkt un der ungarescher Grenz. Op den éischte Bléck ass d'Liewen hei zimmlech gemittlech an onspektakulär. Mä ganz séier léisst d'Eva Menasse eis hannert d'Kulisse kucken: eng Idyll ass et net, lo net, an an de Krichsjoere scho guer net. E gudden Deel vun den Duerfbewunner hu mat den Nazie sympathiséiert, besonnesch Äifreger hu sech ouni Skrupel druginn, Dunkelblum als éischt Duerf 'judenfrei' ze kréien. Fir déi, déi net an deem Sënn mat gezunn hunn, waren et haart Joren. Awer och no der Befreiung duerch d'Russen am Fréijoer 1945 hu se am Duerf vill gelidden.
Wéi duerch e Wonner sinn deemools aus deene ferventsten Nazien trei Kommuniste ginn, déi hir Muecht am Duerf behalen hunn a weider mat deene bekannte Terrormethoden alles zu hirem Virdeel reegele konnten.

Alles mautscht sou viru sech hin ... bis et am Summer 1989 eriwwer ass mat där Rou. Zum engen stinn op emol Masse vun DDR-Flüchtlinge un der ungarescher Grenz, eng Grenz déi ëmmer méi Lächer kritt. Zum anere si Studenten aus Wien amgaangen, dee vergiessenen, zougewuessene jiddesche Kierfecht fräizeleeën. Jonk Leit aus dem Duerf- an och vu baussen- fänken un onbequem Froen ze stellen. An da gi bei Aarbechten op enger Duerfwiss mënschlech Iwwerreschter fräigeluecht. Munch al Dunkelblumer erschrecken zu Doud...

Wéi war dat dann, hei am Duerf, mat de Judde am Krich? Wie weess eppes doriwwer - a wien ass bereet, eppes ze soen? Wien kann zur Rechenschaft gezu ginn - a wien huet iwwerhaapt Interessi drun, dass een zur Rechenschaft gezu gëtt? Opschaffe vun der Vergaangenheet? Léiwer net.

DUNKELBLUM, e Roman mat historeschem Hannergronn, ass eng villschichteg Erzielung, mat ganz villen Acteuren, déi d'Autorin eis an zwou Zäitschinne presentéiert. Alles, wat an dësem Duerf passéiert, erlieft de Lieser duerch d'A vun den diversen Acteure mat. Wéi e grousse Puzzle setze mir eis dann e Bild zesummen, och wa mir net alleguer d'Stécker
sou richteg op d'Plaz kréien. Kléngt komplizéiert, ass et och. Mä wann ee sech bis era gelies huet an d'Protagonisten besser kennt, daucht een an dës ganz spannend Geschicht an a léisst sech matrappen. Wat mech awer, nieft der Story, nach immens begeeschtert huet, ass der Eva Menasse hire fantasteschen Ëmgang mat der Sprooch. Hir faarweg Biller, hiren dréchenen, schwaarzen Humor, deen trotz der tragescher Geschicht subtil a ni deplacéiert ass, hu mech richteg gepaakt.

DUNKELBLUM, kee Buch fir sou niewelaanscht e puer Säiten dran ze liesen, awer wann ee sech dra knéit, ass et méi wéi derwäert. Ech kann et wierklech recommandéieren.

DUNKELBLUM ass bei Kiepenheuer&Witsch eraus komm