E Libesroman ka kitscheg sinn oder grondleegend Gefiller wéi d’Léift tëscht zwee Mënschen, d’Trauer iwwer e Verloscht an d’Méiglechkeet vun enger neier Relatioun op eng Aart a Weis thematiséieren, déi souwuel d’Häerz wéi och den Intellekt vum Lieser uspriechen. Wat fir eng vun deenen zwou Méiglechkeeten de Fall ass bei « Du hast gesagt, es ist für immer » vum Trish Doller, dat héiere mir elo vum Marie Gales.

15/03/2022 Buch vun der Woch: « Du hast gesagt, es ist für immer»

D’Anna an de Ben waren onzertrennlech. Bis de Ben enges Daags sengem Liewen en Enn gesat huet, well hie permanent ënner Depressioune gelidden huet. Do virdrun huet hien dem Anna awer nach e Boot geschenkt, mat deem si wollten op eng Rees tëscht Fort Lauderdale a
Florida an der Insel Trinidad virun der Küst vu Venezuela seegelen, dëst fir hir Léift ze besigelen.

Och wann dat Lescht elo net méi méiglech ass, decidéiert d’Anna zéng Méint nom Ben sengem Dout deen Trip awer ze maachen, engersäits als Hommage un de Ben an anerersäits fir eraus ze fanne, wéi d’Liewen ouni hie kéint ausgesinn. Well hatt awer net ganz vill Anung vu
Geografie oder vu Seegelen huet, engagéiert d’Anna e professionelle Skipper, de Keane Sullivan. Deen huet bei engem Autosaccident op St Barts dat rietst Bee verluer, fillt sech awer fit genuch, fir weider ze seegelen an esou geet et also lass a Richtung Karibik.

Wann zwee attraktiv jonk Mënschen, déi sech net kennen, am Ufank duerch en Aarbechtsverhältnis unenee gebonne sinn, dann awer sämtleche Geforen ausgesat ginn, déi e Seegeltripp mat sech bréngt an déi zesumme meeschteren an doriwwer eraus och nach op engem klenge Boot de ganzen Dag zesumme verbréngen, entsteet lues a lues eppes anescht wéi nëmme Respekt tëscht deenen zwee. An esou entwéckelt de Keane sech am Laf vum Inselhopping tëscht Bimini a Montserrat ëmmer méi vum Friemen iwwert de Frënd bis bei de Vertrauten a schliisslech den Amant. Mä knapps huet d’Anna sech op hien agelooss, mat him geschlof an de Ben net vergiess, mä aus de Gedanke verdrängt, verléisst
de Keane hatt schonn nees. Hien, dee grad behaapt huet, si wiere fir éiweg unenee gebonnen, muss op eemol onbedéngt op Barbados, fir do un enger Regatta deelzehuelen…

« Du hast gesagt, es ist für immer » vum Trish Doller ass net nëmmen eng Reklamm fir d’Seegelen oder eng 350säiteg Publicitéit fir déi wonnerschéi Karibikstränn, mä och e gutt geschriwwenen an zu kengem Moment kitschege Plädoyer fir d’Lassloossen an d’Heele vun de
Wonnen, déi de Verloscht vun engem Mënsch, deen ee gär hat, hannerlooss huet. Et ass e positiivt an optimistescht Buch, datt an Zäite vu Pandemie, Krich a Klimawandel e bëssen Trouscht ka bidden !

OFSO
« Du hast gesagt, es ist für immer » ass op Däitsch bei Blanvalet erauskomm