De Jakob Augstein ass bekannt als Journalist a Coproprietär vun der Spiegel Gruppe. Elo huet hie dann eng éischte Kéier e literarescht Wierk verfaasst a verëffentlecht säin éischte Roman „Strömung“. E Roman, deen d’Geschicht vun engem Politiker erzielt an dobäi alles ass, awer net politesch. D'Tiffany Saska huet d’Buch fir eis gelies.

22/03/2022 Buch vun der Woch - Jacob Augstein

De Franz Xaver Misslinger ass e Politiker a senge beschte Joren. Schonn als jonke Borscht engagéiert hie sech politesch. A wat fir enger  Partei genee gëtt de Lieser net gewuer; dëst ass awer och niewesächlech. Beschriwwe gëtt seng erfollegräich Karriär an d’Tatsaach, datt hien zu de wichtegste Politiker a senger Partei gehéiert. Elo soll säin Erfolleg mat engem ganz spezielle Poste gekréint ginn. Virun dem entscheedende Parteidag, reest hie mat senger Duechter an Amerika. Eng Rees an de scheinbar erfollegräiche Westen, an eng Welt voller Fräiheet an onbegrenzte Méiglechkeeten. An wärend genau dëser Rees wäert hien och di wuel wichtegst Ried a sengem Liewe schreiwen, déi hien direkt un d’Spëtzt vu senger Partei katapultéiere soll. Niewebäi verbréngt hien Zäit mat sengem Meedchen, dat hie mat ville Froen zu sengem Beruff ëmmer erëm zum Nodenke bréngt.
 
„Strömung“ ass awer net d’Biografie vun engem Politiker. Ech hunn iwwert vill Säiten iwwerluecht, ëm wien et konkret kéint goen, mee d’Intentioun ass eng aner. De Roman ass eng Gesellschaftskritik, awer och eng Familljegeschicht. Amerika mat all senge Facetten an am komplette Kontrast dozou seng norddäitsch Heemescht, där de Misslinger déif verbonnen ass, sinn och wichteg Themaen. Zentral sinn awer sécher di ënnerschiddlech Definitioune vu Fräiheet, déi opgeworf ginn. Dem Misslinger säi Liewensmotto ass kloer; hie gëtt schliisslech net midd et ze widderhuelen: "Mein Name ist Franz-Xaver Misslinger und bei mir hört das Scheitern mit dem Namen auf.“ Mee wéi vill bezilt hien dofir an ass hie wierklech fräi? Oder steet hie virun engem Ëmbroch, genee esou wéi Amerika zum Zäitpunkt vu senger Rees, kuerz virun der Wal vum Trump?

De Jakob Augstein schreift e Buch voller Froen op der enger Säit a vill Poesie op der anerer. Hie beschreift en Haaptprotagonist, deen intelligent a witzeg ass, rhetoresch ze iwwerzeege weess an d’Masse fir sech begeeschtere kann. Hie weist a beschreift awer och seng Ängschten, seng Zweiwel, seng Onsécherheet a léisst eis deelhuelen um Misslinger senger Perceptioun vu sengem Liewe mat sengen Héichten an Déiften. Den Augstein léisst dem Lieser vill Fräiheete bei der Interpretatioun vun den ënnerschiddlechen Episoden aus dem Misslinger sengem Liewen. Gefeelt huet mir just, datt d’Bezéiung zu sengem Meedchen net déif genuch beschriwwe gouf, genee wéi eng vermeintlech Medikamentesucht. Mee soss ginn di eescht Themen an zum Deel wonnerschéinen Erzielunge verpaakt an et mierkt ee ganz däitlech, datt den Augstein, trotz Romandebut, genau weess, wéi ee mat Wieder jongléiert.

"Strömung vum Jakob Augstein" ass am Aufbau-Verlag erauskomm.