All Geschicht huet säin Held, am Buch vun der Woch steet deen awer op wackelege Been oder besser gesot, kuerze Been. "Der Held vom Bahnhof Friedrichstrasse" ass nämlech d'Geschicht vun engem Ligener, deen iergendwéi an eppes erarutscht aus deem een net méi raus kënnt. Ee Buch dat mat Humor a vill Charakter Froen iwwert eis Gesellschaft opwërft.

29/03/2022 Buch vun der Woch - Der Held vom Bahnhof Friedrichstrasse

De Michael Hartung besteet net onbedéngt aus dem sougenannte Stoff aus dem Helde gemaach sinn. Hien géif zwar kenger Méck eppes ze leets doen, awer méi aus Lidderegkeet, wéi aus iergendwelleche méi héije moraleschen Zieler. Hien ass an der DDR opgewuess, huet iwwert Jore verschidde Beruffer gemaach an huet sech viru puer Joer ee Geschäft, dat Video verléint, undréie gelooss. Am Joer 2019 net besonnesch lukrativ. Säi Liewe leeft also relativ bescheide bis, dass enges Dages ee Journalist a säi Geschäft getrollt kënnt. Mat enger grousser Geschicht an der Nues, den Alexander Landauer huet sech laang duerch Stasi Akte gewullt fir déi Geschicht am Kader vun den 30 Joer Mauerfall ze schreiwen, déi eben nach net dausende mol erzielt ginn ass. An an deenen Akten gëtt de Michael Hartung genannt, als méigleche Kapp hannert enger Operatioun op enger Gare zu Berlin, bei där 127 Leit direkt mam Zuch aus Ost Berlin a West Berlin gefouert goufen, also flüchte konnten. Wat de Michael Hartung awer esou net confirméiere kann. Deen een héiert just dat, wat en héiere wëll, deen anere widdersprécht net onbedéngt energesch genuch. An esou kënnt een zum aneren an déi zwee verstrécken sech an eng Geschicht aus där si esou séier net méi rauskommen. Aus dem Michael Hartung gëtt een Held op deen sech net just Mediewelt stierzt.

Den Auteur Maxim Leo ass an der DDR gebuer, huet och schonn iwwert Ostdäitschland geschriwwen a krut dofir souguer schonn eng Kéier den Europäesche Buchpräis. Dat aktuellt Buch huet hien ëm d'Zäit ronderëm dem 30-järege Jubiläum vum Mauerfall geschriwwen. Hie kritiséiert a senge Wierker wéi iwwert a mat Ostdäitsche geschwat gëtt. An dat d'Gesellschaft ëmmer méi spléckt. Eng Kritik, déi een op esou vill verschidde Situatiounen uwende kann.

Liest een sech de Resumé duerch, ass et eng ganz einfach Geschicht. Ee Ligener, deem säi Kaartenhaus fréier oder spéider zësumme fält, dat war alles schonn mol do. Mee d'Buch geet méi déif, wéi dat. Et ass intelligent geschriwwen, et reegt zum Nodenken un a werft Froen iwwert eis Gesellschaft op, zum Beispill wéi mir eis erënneren oder erënnere wëllen. Kritiséiere kéint een, dass d'Personnagë realtiv klischeehaft duergestallt sinn, dat gëtt dem Buch scho bal ee satireschen Touch. Mat ënner 300 Säite kann een dat awer verzéien, dass net all Charakter an alle Facette gewise gëtt, déi ee Mënsch eben esou huet. Wëll dofir liest sech "Der Held vom Bahnhof Friedrichstrasse" gutt a séier a bréngt déi wichteg Messagen op de Punkt. Et ënnerhält a léisst een awer gläichermoossen nodenklech zréck.

"Der Held vom Bahnhof Friedrichstrasse" ass am Kiepenheuer und Witsch Verlag erauskomm.

Lea Schwartz