An Italien ass se gebuer, huet an Däitschland a Japan gelieft, iert se an d'USA goung, fir an der Neurobiologie ze promovéieren. Viru Kuerzem krut d'Ali Hazelwood den Titel vun der Professorin, wat kaum en anere méi schockéiert, wéi si selwer. Si ass och Autorin an d'Michèle Schons huet hiren neie Roman "Die theoretische Unwahrscheinlichkeit von Liebe" gelies.

05/04/2022 Ali Hazelwood - Die theoretische Unwahrscheinlichkeit von Liebe

Si ass eng méifach publizéiert Autorin, wann een sech net scheit, hir sämtlech Artikel iwwer Gehierfuerschung matzezielen, déi natierlech vu kengem anere wéi vu wëssenschaftlechen Experten zur Kenntnis geholl ginn, an déi leider net ëmmer mat engem Happy End ophalen. Wann se net schafft, leeft se gären, si ësst gäre Lollipop-Kichelcher a kuckt gäre Science-Fiction Filmer.

„Haben Sie … Haben Sie mich gerade geküsst?“
„Nein.“
„Ah. Okay.“

D'Olive ass Biologie Doktorandin an huet all Hänn voll ze dinn. Fir Léift bleift do einfach keng Zäit. Ma dann ass et awer gezwonge fir déi bescht Frëndin Anh eng Bezéiung virzetäuschen a kësst vun elauter Panik den éischtbeschte Mann, deen hir iwwert de Wee leeft. Dass dat dann ausgerechent den Adam Carlsen ass, dee gréisste Labortyrann vu ganz Sandford, dat war sécher net de Plang. Mat der Wëssenschaft kennt d'Olive sech aus, ma mat Fake Bezéiungen a Päiperleken...?

„Stimmt etwas nicht?“
„Was? Nein, nein, alles in Ordnung.“
„Denn um Mitternacht in einem Labor einen Wildfremden zu küssen, könnte ein Zeichen dafür sein, dass etwas nicht stimmt.“

"Die theoretische Unwahrscheinlichkeit von Liebe“ dat kléngt jo op den éischte Bléck mol no engem Anti-Liebesroman, oder engem Sachbuch. Ma nee hannert dem mega laangen a komeschen Titel eng kitscheg, schéin an häerzlech Libesgeschicht mat anstännege Charakteren, enger gudder Portioun Witz a Humor an esouguer enger Prise vu Wëssenschaft.

E Buch wat awer natierlech méi wéi nëmmen Olive an Adam ass, ma och ëm eng ënnerbesat Roll vun der Fra op dëser Welt, sexistescht Verhalen, ëm eng Libesgeschicht an der klinescher emotiounsloser Welt, e Buch dat ee ganz einfach wierklech genéisse kann.