D´Buch „Das verschlossene Zimmer“ erzielt d´Geschicht vun der jonker Fra Marie a hirem Papp Dominik, déi zu Krakau a Polen liewen. Iwwerdeems  de Papp Precautiounen trëfft well de Krich virun der Dier steet, beschäftegt sech d´Marie mat engem ganz aneren Thema. Hatt sicht seng Mamm. D'Tiffany Saska huet d´Buch vum Rachel Givney fir eis gelies.

12/04/2022 Buch vun der Woch: Das verschlossene Zimmer

Krakau Polen 1939. Den Dominik Karski ass en immens engagéierten Dokter a këmmert sech mat ganz vill Léift ëm seng Duechter Marie. Eng Mamm gëtt et an hirem Liewe scho laang net méi an de Papp verléiert keen ee Wuert doriwwer. D´Marie ass awer virwëtzeg a wëll endlech wëssen, wat et mam Verschwanne vu senger Mam op sech huet. An hirer Wunneng gëtt et eng Kummer, an déi d´Marie net eran däerf; hatt war och nach ni dobannen. Dem Marie säi Wonsch méi iwwert seng Identitéit erauszefannen ass awer antëscht esou grouss, datt hatt an di Kummer abrécht an no Informatioune sicht. Hatt mécht sech op eng laang Rees no sech selwer, wärend de Pap ganz aner Problemer huet, well d´Invasioun vun de Nazie virun der Dier steet.

D´Rachel Givney beschreift eng ganz enk Bezéiung tëscht deenen zwee Haaptprotagonisten an hir Familljegeschicht invitéiert dozou, ganz schnell mat hinnen ze sympathiséieren. Si haten hiert ganz Liewen nëmme sech zwee, a vertrauen sech zu 100 Prozent. Dës Léift an hirer Relatioun ass net nëmmen zentral am Buch, ma riskéiert ze zerbriechen, well di jonk Fra net méi bereet ass, d´Fro no der Mam z´ignoréieren. De Lieser gëtt a Réckblenden dann och ëmmer nees an d´Vergaangenheet op Lemberg matgeholl, wou di beweegte Geschicht vum Marie sengen Elteren en Detail erzielt gëtt. Mat dëse klengen Zäitreese geléngt et dem Rachel Givney de Lieser vollkommen an d´Geschicht ze entféieren. Dobäi vergësst sinn och ni de politesche Kontext mat anzebauen, ouni datt dësen awer Iwwerhand hëlt.

Um Ufank vum Buch wosst ech net genee, wou d´Rees soll higoen. Ganz schnell war ech dunn an der Geschicht dran a konnt d´Buch net méi op d´Säit leeën. D´Rachel Givney, wat an Australien bekannt ass fir seng Dréibicher fir Filmer a Serien, huet 2020 hiren éischte Roman „Jane in love“ publizéiert a féiert elo mat dëser Familljegeschicht „Secrets my father kepts“ op däitsch „das verschlossene Zimmer“ nees e grousse Succès. Nieft dem immens schéine Schreifstil a enger einfach spannend an emotional erzielte Geschicht, ass et virun allem de Schluss vum Buch de mir immens gutt gefall huet, well et eng absolut Iwwerraschung a sou net ze erwaarde war. Fir mech ass d´Buch „Das verschlossene Zimmer“ eng immens flott Decouverte, an ech hoffen, datt mir vum Rachel Givney nach méi ze liese kréien.