Fir säi Roman „Tell“ ass de Joachim Schmidt an de Schwäizer Folklor wulle gaangen an huet eng Legend ausgepaakt, déi den däitschsproochege Raum a virun allem d’Schwäizer immens gepräägt huet: et geet ëm d’Geschicht vum Wilhelm Tell, och bekannt als de Mann dee sengem Bouf en Apel vum Kapp geschoss huet. D'Valeria Wiwinius huet d'Buch gelies.

19/04/2022 Buch vun der Woch: "Tell" vum Joachim B. Schmidt

De 17.Mäerz 1807 gouf dem Friedrich Schiller säi leschten Drama „Wilhelm Tell“ zu Weimar fir d’éischt Kéier op d’Bün bruecht. D’Stéck zielt d’Legend vun engem Bauer, dee soll am 14.Joerhonnert am Schwäizer Kanton Uri gelieft hunn an den Tyran Gessler ëmbruecht hunn. D‘Erzielunge vun deem legendäre Fräiheetskämpfer hunn de Schiller esou gepaakt, dass hien d’Legend als Theaterstéck veréiwegt huet. Ma och hautdesdaags, iwwer 200 Joer méi spéid, schéngt d’Geschicht vum Wilhelm Tell nach ëmmer z’inspiréieren. De Beweis dofir ass dem Joachim Schmidt säi rezentste Roman „Tell“.

Am Géigesaz zum Schiller senger Heldegeschicht gëtt den Tell am Schmidt sengem Roman zu engem richtege Mënsch an zwar mat allem wat dozou gehéiert. Charakterlech Mängel an traumatesch Erliefnesser si mat abegraff. De Wilhelm Tell ass den eelste vun zwee Jongen a gëtt als introvertéiert – jo, scho bal mënscheschei – beschriwwen. En Eenzelgänger dee sech am Léifsten eleng an de Bierger ronderëm dreift an op d’Juegd geet. Säi Brudder, de Peter, ass de genaue Géigendeel vun him. Beléift, sozial, frëndlech zu Mënsch an Déier – déi zwee Männer kéinten net méi ënnerschiddlech sinn. Trotzdeem sinn se immens enk matenee verbonnen. Ëmsou méi schlëmm ass et fir hien an   déi ganz Famill wéi de Peter vun engem vun de Bridder hire Juegdausflich net méi erëm kënnt. Zeréck bleift seng Fra, déi grad mat hirem éischte Kand schwanger ass, seng Mamm, de Bauerenhaff an de Wilhelm, deen, gezwongenermoossen, sengem Brudder seng Plaz um Bauerenhaff anhëlt. Dozou zielt dann och d’Fra bestueden a sengem Brudder säin Éischtgebuerenen als säin eegent Kand unerkennen, fir der Fra hire Ruff ze retten. Zwee Kanner méi spéit, stousse mir als Lieser eis dobäi a reese mam Tell a sengen zwee Bouwen op e Maart, wou se mat de brutalen Habsburger Zaldoten a mam sougenannte "Landvogt" Gessler openeen treffen. Wéi den Tell refuséiert, virum Gessler sengem Hutt ze knéien, kënnt et dann zu där legendärer Zeen wou de Wilhelm Tell sengem Jong muss en Apel vum Kapp schéissen. Dat wäert awer net seng lescht Epreuve bleiwen.

De Joachim B. Schmidt ass 1981 zu Graubünden an der Schwäiz gebuer. 2007 ass hien an Island ausgewandert an huet sech e puer Joer méi spéit mat senger Famill zu Reykjavik niddergelooss. Säin CV kéint net méi diversifiéiert sinn – vu Kniecht iwwer Garçon a Kach bis hin zu Gäertner, Receptionist an Touristeguide, de Joachim Schmidt huet eng ganz Partie Beruffer ausprobéiert. Eng Konstant gouf et awer schonn ëmmer, an zwar d’Schreiwen. 2013 huet hie säin éischte Roman „In Küstennähe“ erausbruecht. Zanterhier koumen eng ganz Partie a véier weider Romaner eraus, dorënner dann och „Tell“ deen dëst Joer op de Marché koum.

„Tell“ zielt zwar keng nei Geschicht, ma trotzdeem stécht de Roman immens eraus, virun allem wéinst senger Erzielform. An d’Plaz vun engem Erzieler, gëtt d'Handlung nämlech aus 20 verschiddene Perspektiven erzielt. Dat gëtt der Geschicht net nëmme vill méi Dimensioun mä mécht d’Liesen u sech och erstaunlech angeneem a flësseg. Wien also op der Sich no engem interessante Buch ass, wat ee vun der éischter bis zur leschter Säit fesselt, deen huet mat „Tell“ definitiv Senges fonnt.