D'Nicola Yoon ass eng jamaikanesch-amerikanesch Autorin. Nodeem si 20 Joer laang am Investment Management geschafft huet, bréngt si 2015 hiert éischt Buch eraus, inspiréiert duerch Gedanken an Ängschten bei der Gebuert vun hirer éischter Duechter. "Du neben mir und zwischen uns die ganze Welt" packt et direkt an d'Bestsellerlëschten a gëtt geschwënn dono verfilmt. Och den zweete Roman verkeeft sech gutt. An lo ass mat "Als wir tanzen lernten" hiren drëtte Roman eraus.

26/04/2022 Buch "Als wir tanzen lernten" Nicola Yoons

Fréier ware Liebesromaner dem Evie seng Saach. Hatt konnt es net genuch kréien vun deene schéine Geschichte mat garantéiertem Happy End. Haut ass hatt kuerz viru sengem 18. Gbeurtsdag, an ëm vill Illusioune méi aarm. Seng Eltere hu sech getrennt, an dem Evie säi Vertrauen an eng Léift, déi alles iwweresteet, ass ënner Null. Dofir passt et lo guer net a seng Weltsiicht, datt hatt op eemol selwer Gefor leeft, sech ze verléiwen. Den Xavier 'passéiert' him einfach, e witzegen, intressante Jong, mat deem een iwwer bal alles schwätzen a gutt laache kann, deen total op der selwechter Wellelängt ass. Dass hien an enger Band spillt, Lidder schreift a schnuckelech ausgesäit, a sech mat senger positiver Astellung wierklech ëm d'Evie beméit, mecht et net méi einfach. An da gi si zwee och nach erausgesicht, fir un engem Latino-Danzturnéier deelzehuelen, an d'Evie kritt ëmmer méi Schwieregkeeten, seng Gefiller fir sech ze behalen. Si gesi sech all Dag, erliewen zesummen spannend an intensiv Momenter, an endlech ass d'Evie dann awer bereet, sech op déi Relatioun anzeloossen. An dann...

Wat ass Léift? Wéi laang hält se? Wa se eriwwer ass, war se dann net echt? A wann ech iwwerzeecht sinn, dass eng Relatioun iwwer kuerz oder laang op iergendeng Manéier zu Enn geet, an datt dat schrecklech wéi deet, loossen ech mech dann trotzdem drop an? Bréngen ech et färdeg, déi schéi Momenter ze genéissen a vun der Zäit zesummen ze profitéieren, wann ech mer bewosst sinn, dass den onvermeidleche Schmäerz wäert kommen?

Dës a méi Froen werft d'Nicola Yoon an hirem Roman 'Als wir tanzen lernten' op. Hir ass e flotte Jugendroman gegléckt, gutt ze liesen, labber, ouni platt ze sinn, an enger maträissender Sprooch a kuerze Kapitelen. Nieft dem Thema Léift geléngt et der Autorin och, d'Bezéiung Kanner/Elteren op eng flott a positiv Manéier ze beliichten, hir Protagoniste si sympatesch a liewensno. Fir gutt Stëmmung suergen och di vill, oft witzeg Exkursen an déi faarweg Welt vun de Latino Dänz. A wie frou ass mat 'mageschen Fäegkeeten', kënnt och op seng Käschten. Also, avis aux amateurs!

Manon Bercker