2019 publizéiert d'Charlotte McConaghy hiren éischte Roman „Zugvögel“. Schonns do weist sech, datt di jonk Australierin sech mat den Themen Natur a Klima auserneesetzt, andeems si d´Geschicht an d'Evolutioun vun den Zuchvullen erzielt. De Roman gëtt e weltwäite Succès. An hirem neie Roman beschäftegt sech Charlotte Mc Conaghy mat de Wëllef. D´Tiffany Saska huet „Wo die Wölfe sind“ gelies.

03/05/2022 Buch "Wo die Wölfe sind" RADIO

D´Inti Flynn ass eng jonk Fuerscherin a beschäftegt sech mat Wëllef. Zesumme mat sengem Team, reest hatt a Schottland an d´Highlands fir do e Renaturéierungsprojet ze lancéieren. D´Wëllef sollen den Ökosystem nees e bësse méi an d´Gläichgewiicht bréngen. Di betraffen Awunner sinn net begeeschtert a wiere sech mat Hänn a Féiss. D´Inti ass awer net gewëllt d´Bengele bei d´Tromm ze geheien. An dobäi huet hatt et schonns net einfach. Mat op dëser Rees ass och dem Inti seng Zwillingsschwëster. Eng Fra déi hir Stëmm ganz offensichtlech duerch en traumatescht Erliefnis verluer huet an d´Haus net méi verléisst. D´Inti wëll och d´Aggie beschützen a geet dobäi u seng Grenzen a wäit doriwwer eraus.


Charlotte McConaghy wëll op e Neits duerstellen, wat mat eiser Natur, eisem Liewensraum, eiser Welt geschitt. Wisou? Well mir verléiert hunn se ze schätzen a se  zerstéieren, anstatt se ze fleegen. De Mënsch ënnerwërft d´Natur senge Bedürfnisser .... an dobäi huet si eis esou vill ze schenken. Wärend d´Awunner der fester Iwwerzeegung sinn, datt d´Wëllef eng grouss Gefor sinn, an erschoss gehéieren, weist d´Buch de Contraire. Et sinn net di wëll Déieren, déi eng Gefor duerstellen; nee et si mir Mënschen. A mir zerstéieren net nëmmen d´Natur, mee och eis selwer an eis Matmënschen. Et sinn si, di eis geféierlech kënne ginn, an dofir erzielt de Roman "Wo die Wölfe sind“ net nëmmen de Wëllef hier Geschicht, mee och déi vum Inti, senger Schwëster, sengem Pap a senger Mam.

Der jonker Australierin, di awer iresch Wuerzel huet, geléngt no "Zugvögel" nees en impressionnant Buch. Hiren Debutroman huet mir schonns immens gutt gefall an och dëst Buch huet mech wierklech beréiert. Di immens schéi Sprooch, di ganz intensiv beschriwwe Momenter, mee och di ënnerschiddlech Personnagë gefale mir ganz gutt. Si wéist mam Fanger op eis vermeintlecht Zivilisatioun, déi awer voller Geforen ass an an der sech vill Matbierger zimmlech onziviliséiert weisen: an doru sinn net d´Déiere Schold. Ech ka „Wo die Wölfe sind“ nëmme wäermstens recommandéieren a proposéieren Zugvögel einfach och ze liesen.