Fantasy-Geschichten mat jonken Haaptprotagonisten, déi um Sprong an d'Erwuessewelt sinn, spriechen natierlech e jonke Publikum un, awer net nëmmen. Bescht Beispiller sinn do "Die unendliche Geschichte" oder "Hobbit". Den däitschen Auteur Albrecht Selge huet sech elo mat sengem fënnefte Roman och un dëse Genre gewot. "Luyanta - oder das Jahr in der Unselben Welt" spillt an der Welt vun den Dolomiten. D'Christiane Kremer huet et gelies.

10/05/2022 Buch "Luyanta" vum Albrecht Selge

D'Jolantha wandert mat der Famill duerch d'Bierger an ass genau sou genervt vum iwweraktive Papp, der éischter roueger Mamm an dem Oppassen op de klenge Brudder, wéi si all vun hirer ustrengender Teenager-Duechter. Ausserdeem ass bei all den Touren ëmmer dat komescht Päifen an der Natur ze héieren. Wou kënnt et hier a fir wien ass et? D'Jolantha geet deem no a geréit an enger aner Welt, déi sougenannten "Unselbe Welt". Si léiert Muermeldéiere kennen, déi an hir endlech déi grouss Rettung, déi verluere Prinzessin gesinn. Aus dem Jolantha gëtt d'Luyanta, dat eng richteg Odyssee muss maachen fir de béise Konflikt am Fanes-Vollek ze léisen.

Op hirem laange Wee begéint d'Luyanta net nëmme Geforen, mee och dem jonke Laleh, dat heihinner geflücht ass. Eng intensiv Aventure fänkt un.

Spannend ass d'Geschicht schon, déi den däitschen Auteur Albrecht Selge a sengem Roman "Luyanta" entwéckelt. Hien huet sech dofir mat der So vum Fanesvollek ausenanergesat, dem Nationalepos vun den Ladiner, enger Sproochenethnie an den Dolomiten. Der ladinescher So no, kämpfen do déi agressiv männlech Memberen vun der Kinneksfamill an Zesummenaarbecht mat den Adler géint déi friddlech weiblech Memberen an Zesummenaarbecht mat de Muermeldéieren.

Schonn den éischte Bléck op de faszinante Cover doen een d'Buch mathuelen a sech an dës Fantasywelt entféieren. Allerdéngs si 700 Säiten schonn eng Erausfuederung a mat Momenter hunn ech mech mussen ustrenge fir drunzebleiwen, besonnesch well d'Fantasy-Literatur net direkt dat ass, wou ech mech gutt auskennen. Mee souwuel d'Basis vun der Geschicht, wéi och d'Protagonistinnen - staark Meedercher - zéien een als Lieser ëmmer weider. Natierlech huet d'Buch vum Albrecht Selge och seng Sprooch, jonk a riicht eraus a witzeg . Vläicht net jidderengem senges, mee dat huet mir gefall, well et sou eng gutt Alternativ ass zu den dacks laange Passage vu Beschreiwungen.

Wie sech jonk a couragéiert genuch spiert fir dës Aventure, soll d'Luyanta onbedéngt kenneléieren.