Wie gäre liest an awer och mol fir Stonnen an e Computerspill andauche wëll – fir deen hu mir eventuell dat passend Buch. „Rabbits“ vum Terry Miles erzielt nämlech d’Geschicht vun engem Real Time Adventure Game an deem den Asaz net manner ass wéi dat eegent Liewen. Den amerikaneschen Auteur ass och Filmproduzent an huet eng Rei Podcast-Serië  kreéiert, dorënner Rabbits, aus där elo dëst Buch enstanen ass. D'Tiffany Saska huet d’Buch fir eis gelies.

17/05/2022 Buch vun der Woch: Rabbits

De K ass e passionéierte Gamer a beschäftegt sech zënter Jore mat deenen ënnerschiddlechste Spiller – ënnert aneren och mat „Rabbits“. „Rabbits“ ass awer kee gewéinlecht Spill. Kee weess wien eigentlech alles matspillt, wéini oder wou gespillt gëtt an éier ee mengt ze wëssen ëm wat et geet, ass ee scho längst matzen dran. An dat mat engem ganz héijen Asaz ouni ze wëssen, wat een eigentlech gewanne kann. Wichtegste Reegel: Iwwer „Rabbits“ gëtt net geschwat. Wien sech net drun hält, spillt mat sengem Liewen. De K spillt awer net eleng, mee mat senge Frënn Chloé a Baron. Hie léiert och weider Spiller kennen, an dorënner een, deen déi éischte Kéier de Verdacht ausschwätzt, datt mam Spill eppes net kéint stëmmen. An et fänken ëmmer méi Leit un ze verschwannen .. och aus dem K sengem Ëmfeld. Et gi méi wéi genuch Warnungen net weiderzespillen, mee wien eng Kéier ugefaangen huet, kann net méi ophalen….

Wéi ech de Klappentext gelies hunn, hunn ech direkt un déi erfollegräich awer net ganz onëmstridden Netflix-Serie „Squid Games“ missen denken. De Prinzip ass awer net genee dee selwechten. Virwëlzeg war ech awer allefalls. Schnell hunn ech gemierkt, datt et guer net esou evident ass an d’Buch eranzefannen. Dat läit warscheinlech och drun, datt eng gewësse Portioun Game-Wësse virausgesat gëtt. Esou entsteet net wierklech en angeneeme Liesfloss. Erzielt gëtt d’Geschicht aus der Perspektive vum K, deen dem Spill komplett verfall ass. Iwwer hie gëtt een dofir och sou Munches gewuer, déi aner Protagoniste bleiwen am Géigesaz awer zimmlech am Hannergrond, wat schued ass – warscheinlech soll awer och d’Geschicht, an net d’Personnagen am Virdergrond stoen...

Et wäert elo net iwwerraschen, mee mir huet d’Buch net immens gutt gefall. Eigentlech ass et gutt geschriwwen an huet mech virwëlzeg genuch gemaach, fir et ganz ze liesen. Et ass awer virun allem de Manktem un techneschem a Gaming-spezifeschem Wëssen, dee fir mech eng gewësse Barriär zur Geschicht opbaut. Ech ka mir awer aus genee dem Grond och ganz gutt virstellen, datt et Leit, déi eng Virléift fir Computerspiller hunn an och deementspriechend Wëssen, ganz gutt gefale kéint an si déi sëllegen Undeitungen, Vernetzungen an Erklärungen och an de richtege Kontext setze kënnen. Fir mech war d’Buch net dat Richtegt, mee villäicht fann Dir ganz vill Freed drun.

"Rabbits - Spiel um dein Leben" ass op däitsch bei Penguin erauskomm.