Fantasy-Bicher sinn de groussen Hit bei de jonke Lieser. Dorobber hu sech dann och schonn eng ganz Rei vun Auteure spezialiséiert. Eng, déi domadder besonnesch vill Succès huet, ass d' Amerikanerin Elizabeth Lim, déi nieft dem Komponéiere fir Filmer a Videospiller, ëmmer erëm Besteller schreift. Mat "Die sechs Kraniche" ass hir dat grad nees gegléckt, Christiane Kremer.

24052022 Buch Die sechs Kraniche

D'Prinzessin Shiori'anma vu Kiata huet eigentlech e schéint Liewen um kinneklechen Haff, mat hirem Papp, hirer Stéifmamm Raikama an hire sechs Bridder. Wier do net déi arrangéiert Verlobung mam Prënz aus engem Nopesch-Räich Gindara, dee se awer net bestuede wëll, obschonns se en nach ni gesinn huet. Verbruet wéi déi jonk Fra ass, taucht se einfach beim wichtege Rendezvous net op. Amplaz spillt se mat hirer Fäegkeet fir Origamie a Magie, Si bastelt sech e Pabeiervillchen,  léisst e lieweg ginn a mécht en zu hirem beschte Frënn. A si schläicht hirer Stéifmamm heemlech no an entdeckt och där hir heemlech magesch Kräften. Dat kritt se dann awer um eegene Leif ze spieren.Aus Jalousie verwandelt d'Stéifmamm déi sechs Bridder vum Shiori a Krukerten an d'Shiori selwer gëtt derzou verflucht kee Wuert méi ze schwätzen, soss stierft bei all Wuert ee vun de Bridder. D'Shiori, selwer op der Flucht, sicht no Ausweeër an ass op d'Hëllef vun engem ugewisen, deen et eigentlech net wollt kenneléieren.

Wie sech mat Märercher auskennt, denkt hei direkt un d'Geschicht vun de sechs Schwanen, wéi d'Gebridder Grimm se opgeschriwwen hunn. Zoufall ass dat net, d'Elizabeth Lim huet se als Virbild geholl a spënnt hei, aus der Vue vun der 16 Joer jonker Haaptfigur, mat vill Fantasie an enger gesonder Portioun Romantik e spannende Plot. 

Et ass a kuerzer Zäit elo schonn dat zweet Buch am Genre Fanatsy - oder wéi een hei seet Romantasy - dat ech fir dës Rubrik gelies hunn. An och wann ech net d'Zilgrupp sinn an eigentlech et net dee Genre ass, dee mech besonnesch paakt, hunn ech mech hei awer kee Moment gelangweilt. Dat leit sécher un dem flëssege Schreifstil vun der Autorin, un der ganz dynamescher Handlung, déi ëmmer weidergeet a sech net widderhëlt an der intressanter Entwécklung vun der Haaptfigur. Déi dann och nach weidergeet. Den zweeten Deel "Der Schwur des Drachen" ass an der däItscher Iwwersetzung fir Januar ugekënnegt.

"Die sechs Kraniche" ass beim Carlssen Verlag erauskomm. Op der Internetsäit vum Verlag fannen déi jonk Lieser och nach Zousatzmaterial, z.Bsp. wéi ee mat Origami e Villche faalt.