Wann d’Mier sech zréckzitt, hannerléisst et allerhand Planzen a Gedéiesch. Ass dodrënner awer och eng Läich, dann ass mat Sécherheet iergendeppes faul. Am Krimi « Gezeitenmord » vum däneschen Auteur Dennis Jürgensen ass dat de Fall. Gläichzäiteg ass dat och deen éischte Fall fir dat dänescht-däitsch Ermëttlerduo Teit a Lehmann. Ob dës éischt Kollaboratioun  och nach anerer no sech zéie soll, seet
eis elo de Lucien Czuga.

27/05/2022 Buch Vun Der Woch: Gezeitenmord

A Südjütland, deem südlechsten Deel vun Dänemark, ginn de Lasse Espersen, e Schoulmeeschter, an de Villads Geertsen, ee vun senge Schüler,  an d’Wattemier fir Vigel ze beobachten. Op eemol kuckt hinnen e Gesiicht aus dem Sand um Buedem entgéint an et ass hinnen direkt kloer, datt si eng Läich fonnt hunn. Knapps si se sech dees bewosst ginn, taucht och schonn eng Gestalt aus dem Niwwel op, déi de Schoulmeeschter néierschléit an de Bouf entféiert.  

Well d’Läich genee op der Grenz tëscht Dänemark an Däitschland läit, ginn d’Lykke Teit, eng Kriminalkommissarin vu Kopenhagen an de Rudi
Lehmann, en Haaptkommissar vu Flensburg domat chargéiert, dee Fall opzeklären. Séier stellt sech eraus, datt et sech beim Doudegen ëm e gewësse Bjarke Laumann handelt, e klengkriminellen Dealer, deen och ganz gär ëm Sue gespillt huet. Pikant dodrun ass, datt d’Lykke virun net allzelaanger Zäit eppes mat deem Mann hat, eng Tatsaach, déi si hirem däitsche Kolleeg awer fir d’éischt emol net seet. Well d’Verschwanne
vum jonke Schüler si un en änleche Fall virun engem Joer erënnert, wou e klengt Meedche verschwonnen a warscheinlech d’Affer vun engem pedophille Verbriecher ginn ass, orientéieren déi zwee Polizisten hir Recherchen fir d’alleréischt emol an déi Richtung. Dofir befroen si verschidden Zeien aus Melum, dem Duerf an der Noperschaft. Mä an där Géigend sinn d’Leit gemenkerhand esou gespréicheg wéi eng zouen Auster an dofir bleift den Enquêteuren näischt anescht iwwreg wéi e  Mäerder, dee schonn zwee kleng Meedercher um Gewëssen huet, ëm Rot ze froen. Dee seet hinnen, datt et sech warscheinlech ëm e Copycat handelt, een, dee seng Doten nomécht, an datt et sech beim Doudegen ëm e Kollateralschued handelt. Mä wéi deen entféierte Jong op eemol nees optaucht, kritt d’Enquête eng ganz aner Nues…

Den Dennis Jürgensen ass an Dänemark eigentlech fir seng Kanner- a Jugendbicher bekannt, mä mat enger Rei  Krimien ëm den Haaptkommissar Triel hat en och schonn Erfolleg als Krimiauteur. Dës nei Serie mat zwee grondverschiddenen Enquêteuren, déi ausserdeem och nach verschidden Nationalitéiten hunn, gëtt him d’Geleeënheet, déi ënnerschiddlech Polizeimethoden mateneen ze konfrontéieren an dobäi och nach op eng witzeg awer ni blessant Aart a Weis mat deene Klischeeen ze spillen, déi Däne vis à vis vun Däitschen an Däitscher

vis à vis vun Dänen hunn. Alles an allem bitt « Gezeitenmord » eng spannend an intressant Lektür, déi  net bei dësem Fall muss ophalen !

« Gezeitenmord » vum Dennis Jürgensen ass op Däitsch bei Kiepenheuer und Witsch erauskomm.