Den engleschen Auteur Jonathan Lee huet Literatur studéiert, fir Affekoten zu London an Tokyo geschafft a schreift mëttlerweil Dréibicher zu New York.  Mat sengem Roman « Der grosse Fehler » huet hien elo engem groussen New Yorker, dem Andrew Haswell Green, e literarescht Monument gesat. Kennen ech net, wäerten déi Meescht vun iech elo soen, och déi, déi déi schonn emol eng Kéier zu New York waren.  Dobäi waren si bestëmmt op Plazen, déi deem Mann ze verdanke sinn. Wat fir eng dat sinn, seet eis elo de Lucien Czuga.

07/06/2022 Buch vun der Woch: Der grosse Fehler

Wie stécht hannert dem Central Park zu New York ? Wie wor verantwortlech fir déi wonnerschéi Public Library op der 42. Strooss oder deen onvergläichleche Metropolitan Museum ? Wien huet dofir gesuergt, datt Manhattan duerch Brécke mat Brooklyn verbonne ginn ass a gouf dofir spéider mam Titel « Father of Greater New York » ausgezeechent? Abee, all dës markant Siten, déi aus dem haitegen Big Apple net méi
ewechzedenke sinn, sinn engem eenzege Mann ze verdanken : dem Andrew Haswell Green !

Am Ufank vum Jonathan Lee sengem Roman « Der grosse Fehler » gëtt  deen 83jähregen op der Trap vun sengem Haus op der Park Avenue vum Cornelius Williams erschoss, engem Mann dee kuerz virdrun aus senger Wunneng gehäit gi wor an ausserdeem, aus deemoleger Siicht de Feeler huet, schwaarz ze sinn. Natierlech gëtt net nëmme beim Mann vun der Strooss mä och a besonnesch an deene bessere Kreeser, zu
deenen de Green jo gerechent gouf, spekuléiert, wat esou e marginale Personnage dozou gefouert huet, esou e geschätzte Member vun der Gesellschaft ëmzebréngen. Ass et de Fait, dass de Green, trotz all senge Verdéngschter dach zimmlech zréckgezu geliewt huet ?
Sinn et seng aktuell oder seng Ex-Frëndschaften, besonnesch déi mam Samuel Tilden, mat deem hien och ganz intim Momenter gedeelt huet ?  Ass et seng Vergaangenheet als Affekot oder sinn et obskuer Grënn, déi léiwer am Verbuergene bleiwe sollen well se der Statü vum verdéngschtvollen Diener vun der Stad kéinte Rëss bäibréngen ? Ass vläicht nëmmen e ganz banale Feeler, e Mëssverständnës responsabel fir den Doud vum Andrew Green ?

All dëst kënnt an engem Roman zur Sprooch, dee mat Sécherheet an nächster Zäit zu engem Meilesteen, enger absolutter Referenz fir formidabel Belletristik gi wäert. Déi ziseléiert Sprooch, deen ironeschen Ënnertoun an déi brillant Struktur maachen dem Jonathan Lee säi
magistrale Roman « Der grosse Fehler » nämlech zu engem Monument vun der aktueller amerikanescher Literatur. Et ass deemno absolut kee Feeler, sech « Der grosse Fehler » zu Gemitt ze féieren

« Der grosse Fehler » vum Jonathan Lee ass op Däitsch bei Diogenes erauskommen.