Manner bezuelt gi wéi ee Mann, fir déi nämmlecht Aarbecht war normal. Eng eege Kreditkaart hunn, ouni dass de Mann mat-signéiert war komplizéiert. Op enger Ivy League Uni studéieren, war onméiglech. An den 1960er Joren war d’Welt fir Fraen eng aner. Et war eng Zäit an där Frae sech ëm Kanner, Haus a Kichen gekëmmert hunn – net eng Karriär an en Numm fir sech gebaut hunn. Ma grad an dëser Welt ass d'Protagonistin vum Bonnie Garmus hirem Débutroman „Eine Frage der Chemie“ Doheem an zum Schock vun hire Matmënschen, wëll si awer grad dat: eng Karriär als Wëssenschaftlerin a Gläichberechtegung.

14/06/2022 Buch vun der Woch: "Eine Frage der Chemie"

D’Elizabeth Zott ass jonk, wonnerschéin, intelligent, rational, éiergäizeg an eng iwwerzeegte Wëssenschaftlerin a Feministin. De Problem dobäi ass, dass 1961 weder Fraen nach Männer dem Elizabeth seng Meenung iwwer Gläichberechtegung, Karriär an Ambitiounen deelen. An dat kritt hat och genuch ze spieren, sief et wärend sengen Unisjoren oder spéider, wéi et beim "Hastings Forschungsinstitut" als Chemikerin schafft. Grad an dësem restriktiven Entourage léiert hat de Calvin Evans kennen. Hien ass e berüümte Wëssenschaftler dee scho wärend sengem Studium fir en Nobelpräis nominéiert gouf, an dee sech ausgerechent an d’Elizabeth verléift huet. Mä d’Liewen huet sech en anere Wee fir déi jonk Chemikerin ausgeduecht an esou fënnt d’Elizabeth sech schwanger an onbestuet erëm. An där Zäit: e reegelrechte Skandal, wéinst deem d’Elizabeth dann och seng Aarbecht verléiert.  Mä wou eng Dier zou geet, geet eng aner op. A sengem Fall ass déi aner Dier d‘Kachsendung „Essen um sechs“. Ma an d’Plaz de Fraen awer nëmmen z'erkläre wéi si hirem Mann a Kanner eppes Guddes kachen, motivéiert d’Elizabeth se hiert d’Liewen an hir eegen Hänn ze huelen a sech selwer ze verwierklechen. Obschonns Tëleessendung en immense Succès ass, fille vill Leit sech vum Elizabeth Zott senge Weltusiichte getrëppelt, a loossen déi jonk Mamm dat och wëssen…

„Eine Frage der Chemie“ ass dem Bonnie Garmus hiren Debutroman. Do virdrun war déi gebierteg Amerikanerin artistesch Direktesch an huet iwwer Technologie, Erzéiung a Medezin geschriwwen.  Déi Expertise ass och an hirem Roman onverkennbar. Ma och sos ginn et vill Parallellen tëschent der Schrëftstellerin an hirer Protagonistin: béid hunn oder wunnen elo a Kalifornien, béid ruddere gären, hunn Duechteren an en Hond dee se no enger Zuel benannt hunn, oder – am Elizabeth sengem Fall – no der Auerzäit an där hat e fonnt huet. Fakt ass also: d’Bonnie Garmus weess iwwer wat si schwätzt, an d’Detailer an Emotiounen déi si an dëse Roman geluecht huet si sécherlech mat Schold drun, dass ee reegelméisseg vergësst, dass d’Elizabeth Zott e fiktive Protagonist an net en historesche Personnage ass.

Trotz de villen Detailer an de wëssenschaftlechen Echangen, ass de Roman einfach ze liesen a bleift vun der éischter bis zur leschter Säit spannend. Dowéinst ass e warscheinlech och en Nummer 1 "Sunday Times Bestseller" an "New York Times Besteller" a gëtt deemnächst als Serie adaptéiert, mat der Marvel-Schauspillerin Brie Larson als Elizabeth Zott. Wéini d’Serie genau erauskënnt, ass awer nach net gewosst.

Valeria Wiwinius