Op en neie Roman vum Jan Weiler freet een sech bal genee esou wéi e klengt Kand op säin éischte Besuch op der Schueberfouer. Well säin dréchenen Humor wéi a senge Bicher iwwer Jonker an der Pubertéit, seng Léift fir seng Personnage wéi an senge Kriminalromaner mam Kommissar Kühn maachen all seng Bicher zu engem Erliewnës. Ob dat och de Fall ass bei sengem neie Roman « Der Markisenmann » seet eis elo de Lucien Czuga.

21/06/2022 Buch vun der Woch Der Markiesenmann Internet

Wat maache mat 3 606 Balkonsmarkisen aus der deemoleger DDR ? An déi och nach an de grujelege Faarwkombinatioune bronggielorange oder neongrénggielblo ? Natierlech se opkafen, sot sech de Ronald Papen, se dono an eng Lagerhal zu Duisburg tässelen a se vun do aus ënnert d’Leit bréngen! D’Leit, dat sinn ongeféier 5 Milliounen Awunner a geschaten 2 Milliounen Stéit op de véierdausendfënnefhonnert Quadratkilometer vum sougenannte Ruhrgebiet ! An esou mécht hien sech op de Wee a senger aler Schrottkar a probéiert déi honnertdausende markisefräi Balkonen aus sengem Zilgebitt mat senge Produiten ze « bestücken », wéi hien sou schéi seet, an der Hoffnung, datt alleguer seng
potenziell Klienten nëmmen drop waarden, fir hir Fräizäit ënnert engem schäisslech ellene Sonneschutz vum Markisemann Ronald Papen ze verbréngen ! Kee Wonner, datt hien an deene 14 Joer zanter der « Wende » alles an allem nëmmen ongeféier 200 Stéck lassgi konnt !

Dat an nach e ganze Koup aner skurril Tatsaachen entdeckt dat 15jähregt Kim, seng Duechter aus engem éischte Mariage, wéi dat vu senger Mamm Susi a sengem Stéifpapp Heiko zur Strof bei säi richtege Papp an d’Vakanz geschéckt gëtt, iwwerdeems si mat sengem Stéifbrudder Geoffrey a Florida fléien. Zur Strof, well hatt dee Goeffrey während enger Party mat Brennspiritus a Brand gestach huet ! Nodeems d’Kim am Ufank nëmmen eent am Kapp huet, an zwar sou séier wéi méiglech nees ze verschwannen, kommen déi zwee sech awer ëmmer méi no an déi 15jähreg fënnt op eemol souguer Gefalen drun, hie bei sengen Touren ze begleeden, an him dobäi ze hëllefen, seng Markisen ze verkafen. Mä wat hatt sech méi un déi absurd Situatioun gewinnt, a wat hatt méi flott a sympathesch Leit aus sengem Papp sengem Ëmfeld kenneléiert, wat et méi iwwerzeegt ass, datt de Ronald Papen, mat sengen heroesche Versich, absolut onverkeeflech Wuer  un de Mann bezéiungsweis d’Fra ze bréngen, genee wéi de Sysiphus probéiert, eng al Schold ofzedroen !

Ëm de Secret ronderëm dës al Schold geet et am Jan Weiler sengem neie Roman, dee beweist, dass dësen Auteur déi däitsch Wierklechkeet, d’Nout an de Misär, mä och d’Freed an d’Begeeschterung vun de klenge Leit besser eriwwerbrénge ka wéi keen Aneren. E Secret, deen zwee Mënschen nees zesummebréngt, déi méi ënnerschiddlech net si kéinte wéi d’Kim an säi Papp an eng Geschicht, déi dem Lieser ofwiesselend Tréine vu Laachen a gläich drop vu Kräischen an d’Aen dreiwe wäert !