A.M. Ollikainen steet fir den Aki an d’Milla Ollikainen. Si si bestuet, hunn 2 Kanner a wunnen am Süden vu Finnland. Si hunn allebéid schonn dräi Romaner geschriwwen an hunn och scho Präisser gewonnen. D’Koppel huet lo zesummen den éischte Roman vun enger Serie vu 5 Deeler erausbruecht. De Kriminalroman kënnt a 15 Länner op de Marché: Team Helsinki: die Tote im Container. D’Sandra Mélan huet versicht erauszefannen, ob d’Buch hält wat den Titel versprécht.

28/06/2022 Buch vun der Woch Team Helsinki. Die Tote im Container (Internet)

E Container ass bei d’Villa vun der Enterpreneursfamill Lehmusoja geliwwert ginn. Verwonnert war e schonn am Ufank. Et ass een dovunner ausgaangen, datt dëse Container fir e Wierk vun engem Kënschtler geduecht war. Am End Effekt huet sech erausgestallt, datt eng Fra doranner erdronk ass, wéi Mierwaasser ra lafe gelooss ginn ass. Bei den Ermëttlunge vum Team Helsinki, mam Paula un der Spëtzt a mam Renko, Karhu, Hartikainen, setzt sech de Puzzle lues a lues zesummen. Als Éischt fanne si raus, datt d’Affer aus Namibia kënnt. D’Froen, déi gekläert musse ginn, sinn engersäits, firwat dës Fra ëmbruecht ginn ass; a firwat ob dës grausam Manéier? Onkloer ass och d’Motiv. Ass et rassistesch motivéiert oder éischter perséinlech? Am Ufank huet keen e Lien mat der Famill Lehmusoja gemaach, si hunn no bausse scheinbar perfekt gewierkt. Bei den Ermëttlungen huet sech awer lues a lues erausgestallt, datt d’Affer Rauha Kalonda, wuel fir verschidde Membere vun der Famill Lehmusoja keng Onbekannte war.

****
Duerch de Cover kritt een och eng besser Virstellung vum Container, wou d’Dot geschitt ass. D’Koppel Ollikainen hunn e flotte Stil fir ze schreiwen; dohier liest sech de Krimi och ganz gutt. De Spannungsbou hätten d’Auteuren am Verlaf vum Buch e bësse méi héich hale kéinten. Woubäi awer de leschten Deel vum Buch doranner, dat alles erëm méi wéi gutt mécht. Interessant ass och, datt Globaliséierung, Flüchtlings- respektiv Entwécklungshëllef och thematiséiert ginn.

****
D’Protagonisten Paula kënnt geheimnisvoll eriwwer. Weider Informatiounen iwwert si ginn et am 2. Deel vun dëser Serie vum Team Helsinki. Dëst mécht d’Serie nach méi spannend. An nom 1. Buch gëtt e scho virwëtzeg op d’Suite, schonn eleng fir méi iwwer d’Protagoniste gewuer ze ginn.