2005 huet Gisa Klönne hiren éischte Krimi erausbruecht. Aus deem enge Buch ass an der Tëschenzäit eng Serie mat 6 Bänner ginn an d’Gisa Klönne huet sech fest an der däitschsproocheger Krimi-Szeen etabléiert. Ma och soss huet déi fréier Journalistin eng ganz Rëtsch Texter a Romaner verfaasst. Hire leschte Roman heescht „Für diesen Sommer“ an thematiséiert e Generatiounskonflikt unhand vun engem Papp a senger Duechter. D'Valeria Wiwinius huet d'Buch gelies.

05/07/2022 Buch vun der Woch: "Für diesen Sommer"

„Sie steht vor der Tür ihres Elternhauses und denkt, dass sie noch nicht geklingelt hat und also einfach wieder gehen könnte, und dann wäre zwar nichts gewonnen, aber auch nichts verloren.“ Esou fänkt de Roman „Für diesen Sommer“ un. De „Sie“ deen eis iwwer déi éischt puer Säite vum Buch begleet ass d’Franziska Roth, eng 50 Joer al Fra, déi als Teenager hiert Elterenhaus verlooss an de Kontakt zu hirer Famill ofgebrach huet. 30 Joer méi spéit steet si elo virun der Hausdier, déi si deemools mat Iwwerzeegung a Roserei hannert sech zougeklaakt huet. Zanterhier huet sech Villes am Franziska hirem Liewen an am Elterenhaus gedoen: d’Mamm ass verstuerwen an huet de Papp an hir zwou Duechteren zeréck gelooss. Vue dass d’Franziska sech net méi als Deel vun der Famill consideréiert huet, war alles un hirer Schwëster, Monika, hänke bliwwen. A sou huet si sech jorelaang ëm d’Haus an hire Papp gekëmmert. Hien ass an der Tëschenzäit nämlech net méi den autoritäre Kapp vun der Famill deen alles probéiert ënner Kontroll ze halen, mä e Mann vun iwwer 80 Joer, deen ufänkt dement ze ginn an un enger Nervekrankheet leit, déi säin Trëppelen immens aschränkt. Elo ass d’Monika awer un hir Limitte gestouss a brauch eng Auszäit. Dowéinst soll d’Franziska fir de Summer heemkommen an nom Papp kucken. De Startschoss fir eng héich emotional Zäit, souwuel fir d’Franziska wéi och fir hire Papp.

Iwwer déi nächst 400 Säite gi mir Spectateur vun engem Konflikt tëschent verschiddene Generatiounen. E Konflikt, deen iwwer Joren vill Schued ugeriicht huet –awer, d’Léift tëschent Papp an Duechter net ganz eliminéiere konnt. Fir dëse Konflikt besser ze verstoen, gi mir och ëmmer erëm an d‘70er an 80er Joren zeréck katapultéiert a kréie kleng Abléck an der Famill Roth hir Vergaangenheet. U sech e ganz wichtegt Element am Buch. Vue dass dës Réckblécker awer net kloer ervirgehuewe ginn, ass et wichteg d’Geschicht konzentréiert ze suivéieren, fir net duercherneen ze geroden.

Am Géigesaz zu ville Romaner déi Krisesituatiounen a Familljen thematiséieren, kommen an dëser Geschicht awer souwuel d‘Franziska wéi och hire Papp zu Wuert. Dat gëtt der Geschicht eng gewëssen Déift, déi et einfach mécht d’Emotioune vun de Personnagen novollzéien. Dobäi kënnt, dass d’Geschicht immens realistesch erzielt gëtt, wat engem als Lieser hëlleft, sech an d’Situatioun ze versetzen a mat de Protagoniste matzefillen.

D’Gisa Klönne ass 1964 gebuer a lieft zu Köln. Éier si fräiberufflech Schrëftstellerin gouf, huet si eng ganz Partie verschidde Beruffer ausprobéiert – dorënner Sekretärin, Statistin an der Oper, Ziichterin vu Mielmatten a Journalistin. 2005 huet si den éischte vu 6 Krimien aus der Serie „Im Auftrag der Toten“ erausbruecht an 2013 ass hiren éischte Roman „Das Lied der Stare nach dem Frost“ op de Maart komm. Dësen ass inspiréiert vun hirem eegene Liewen an huet et op d’Spiegel-Besteller-Lëscht gepackt. 2012 huet si dunn de Lies-Festival „Crime Cologne“ matgegrënnt a gehéiert zu de ronn 750 däitschsproochege Krimi-Schrëftsteller déi am Veräin „Das Syndikat“ sinn. "Für diesen Sommer" ass am Mäerz 2022 beim Kindler Verlag erauskomm.