An hunn der d'Vakanz schonn an der Nues? Hu der eppes extraes geplangt oder erhuelt der iech léiwer mat engem gudden Buch? Ma dann ass dat nächst vläicht är Summerlektüre? Eist Buch vun der Woch ass dës Kéier "Ein französischer Sommer". En Debütroman vun enger brittescher Schrëftstellerin an d'Lea Schwartz huet et gelies.

12/07/2022 Buch vun der Woch - Ein französischer Sommer

Eis Protagonistin Leah hat eng brillant Zukunft virun sech, hat ass intelligent, gutt an der Schoul a war een villverspriechend jonkt Talent op der Univseritéit. No senge Studie kënnt fir hatt awer ee grousst Lach. D'Leah weess näischt méi mat sech unzefänken a lieft an der franséischer Haaptstad virun sech hin. Hatt trëfft sech mat Frënn, féiert op Partyen an hält sech mat Geleeënheetsaarbechten iwwer Waasser. Esou stéisst hatt och op eng Annonce vun engem bekannten Auteur deen eng Sekretärin sicht. De Michael Young ass ee Schrëftsteller, dee scho laang am Geschäft ass an invitéiert d'Leah de Summer mat senger Famill a Südfrankräich ze verbréngen. Vun do aus soll hatt da weider fir hie schaffen, seng Maile beäntweren, seng Korrespondenzen zortéieren an seng Tagebicher liesen. Do beschreift de Michael seng Zäit an de 1970er Joren zu London an a Griicheland wou zu där Zäit ee Militärstaat de Pouvoir hat. 

Et ass dat éischt Buch vun der Schrëftstellerin Francesca Reece. Si huet schonn ëmmer wollte Bicher schreiwen an ass änlech wéi hiren eegenen Haaptcharakter vu London op Paräis geplënnert. Wärend der Pandemie hätt si dunn endlech Zäit gehat sech komplett op hir Passioun ze konzentréieren. Rauskomm ass dunn d'Buch "Ein französischer Sommer" oder och "Voyeur" am Originalen.

 

Et brauch een sech awer keng locker flockeg Summerlektür ze erwaarden. D'Zeenerie direkt beim Mier a laang Beschreiwung vum Iesse loossen ee scho bësse vun der Vakanz dreemen. Et ginn awer vill seriö Themen ugeschwat an d'Haaptprotagoniste sinn all sou onsympathesch, traureg a schlecht gelaunt, dass e bëssen e bedréckende Film iwwert der ganzer Lektür läit. Engersäits ginn et immens flott Elementer am Buch, Zum Beispill Gesellschaftskritiker, déi d'Autorin mat afléisse léisst oder och déi Aart wéi si d'portraitéiert. Anerersäits ginn et vill frustrant Momenter bei der Lektür. Vill Elementer ginn agefouert an duerno ni méi benotzt. Dat geschitt och mat Figuren an et passéiere vill "Zoufäll", déi schwéier ze gleewe sinn an dofir awer e groussen Deel vun der Handlung ausmaachen. Allgemeng en holpregen Opbau mat ville gudden Elementer. E Buch wat ech zwar net nach eng Kéier liese géif, awer dofir eng Schrëftstellerin, déi ech gäre weider suivéieren.

"Ein französicher Sommer" ass am S. Fischer Verlag erauskomm.