Kënnt de « Fluch 416 » vun L.A. op New York u säin Zil oder léisst säi Pilot en eroffalen, well hien erpresst gëtt ? Dat ass d’Fro ëm déi et am «Flug 416», dem éischten Thriller vun der Ex-Stewardess T.J. Newman, geet. Ob déi hiren neien Job als Auteurin grad esou gutt mécht wéi deemools als Flugbegleederin, verréit Iech de Lucien Czuga.

19/07/2022 Buch vun der Woch - Flug416

Am Oktober 2019 huet deen deemolegen US-President Donald Trump decidéiert, déi amerikanesch Truppen aus Nordsyrien ofzezéien an domat seng kurdesch Alliéiert, déi bis dohin 11 000 Leit beim gemeinsame Kampf géint den I.S. verluer haten, ouni Hëllef géint déi tierkesch Arméi ze loossen, déi nëmmen dorop gewaart huet, fir d’Kurden, dorënner och vill Fraen a Kanner, unzegräifen.

Wéi de Flugkapitän Bill Hoffman enges Mueres säin Déngscht untrëtt, fir mam Vol 416 vu Coastal Airways mat 149 Passagéier vun L.A. op New York ze fléien, aant hien net, dass dat de Grond ass fir dee grujelegen Deal, deen hien e puer Minutten nom Start iwwer Funk matgedeelt kritt : entweder hie léisst de Fliger zu Washington eroffalen oder seng ganz Famill gëtt ëmbruecht! De Saman Khani, e kurdesche Kämpfer, dee sech als Techniker bei him doheem ageschlach huet, huet dem Bill seng Famill an senger Gewalt an dreet domat, hiert Haus an d’Luucht ze sprengen, wann den Hofman de Fliger net, als Vergeltung fir d’Amstéchloosse vun de kurdeschen Alliéierten, op d’Häerz vun der amerikanescher Politik gehäit. Bei enger Kaffispaus setzt de Bill seng Haaptstewardess Jo, eng scho méi eeler Dame, an d’Bild, an déi seet doropshin direkt hirem Neveu, dee beim FBI schafft, per SMS Bescheed. Mä wéi den FBI mat engem Asazkommando dem Haus vun den Hoffmans méi no kënnt, gëtt et op eemol eng Explosioun an d’Haus flitt an d’Lut…

Dat ass d’Ausgangslag vum T.J. Newman hirem Thriller «Flug 416». Als Ex-Stewardess profitéiert d’Auteurin natierlech vun hirem 10-jährege Wëssen iwwer d’technesch Detailer an déi lescht Sécherheetsprozeduren an den aktuellen amerikanesche Fligeren. Mä och déi néideg Cliffhanger a Spannungsmomenter si clever erausgeschafft an agesat, jiddwerfalls esou, dass de Lieser bis zum Schluss bei der Staang bleift. Natierlech handelt et sech hei net ëm eng déif psychologesch Ofhandlung iwwer déi moralesch Aspekter vun engem provozéierte Fligerofstuerz wéi am Ferdinand von Schirach sengem Buch « Terror », mä als spannend Lektür fir op der der Plage kann een «Flug 416» vum T.J. Newman enger intresséierter Lieserschaft gären un d’Häerz leeën.

«Flug 416 » vum T.J.Newman ass op Däitsch beim Goldmann Verlag erauskomm.