Ëm e Buch iwwer Bicher, besser gesot, iwwert d’Geschicht vum Buch an de leschten 3000 Joer, geet et an den nächste Minutten. «Papyrus – Die Geschichte der Welt in Büchern» vun der spuenescher Philologin Irene Vallejo ass eist Buch vun der Woch. D’Bea Kneip huet d’Detailer.

09/08/2022 Buch vun der Woch: "Papyrus" vun der Irene Vallejo iNTERNET

Op den éischte Säite kéint ee mengen et wier een an engem Abenteuerroman geland. Mir sinn a Griechenland, ronn 300 Joer viru Christus an eng Trupp vu Söldner sichen am Optrag vum ägyptesche Kinnek no eppes Wertvollem…genee, no Bicher. De Monarch plangt e grousse Projet: eng Bibliothéik mat alle Bicher aus der bekannter Welt…déi legendär Bibliothéik vun Alexandria. Hautdesdags ass et kee Problem, Bicher ze kafen oder ze léinen, mä an der Zäit vun den ale Griechen oder Réimer, waren se rar an deementspriechend deier. A si konnten och emol geféierlech ginn, wann zum Beispill hiren Inhalt deenen déi grad un der Muecht waren, net an de Krom gepasst huet. Oder wa Bicher genotzt goufen fir gezielt Falschinformatiounen ze verbreeden, an domat Gewalt an Ausbeutung ze legitiméieren. Virun allem hunn se awer, am Gudden oder am Schlechten, Informatiounen, Geschichten a Gedanke festgehalen an dacks iwwer Jorhonnerte versuergt. Wat virdrun just mëndlech iwwerliwwert war, gouf mat der Erfindung vum Buch op eemol néiergeschriwwen, schwaarz op wäiss fir jiddereen dee liese konnt. «War Homer diese Gestalt an der Schwelle zweier Universen?» freet d’Autorin a schwätzt domat eent vu ville Mysterien aus der 3000järeger Geschicht vum Buch un.
D’Irene Vallejo, 1979 zu Zaragoza gebuer, huet klassesch Literatur studéiert. Dass si sech besonnesch fir d’Welt vun der Antike interesséiert, mierkt een och dësem Buch un. Genee do läit d’Stäerkt vun hirem Wierk, awer och seng Schwächt. Si kënnt an hiren Ausféierungen nämlech kaum iwwer déi geografesch Grenz vum Mëttelmierraum eraus a léisst net-europäesch Literaturen praktesch ganz ausser uecht. Dat ass schued, well op méi wéi 750 Säiten wier dofir sécher Plaz gewiescht. Schrëften a Bicher gouf et zum Beispill och a China oder bei de Maya a Mëttelamerika, wahrscheinlech sinn se souguer ongeféier zur selwechter Zäit enstanen wéi an Europa. Et géif also nach vill méi z’erziele ginn, iwwert d’Geschicht vum Buch, mä «Papyrus – Die Geschichte der Welt in Büchern» ass schon emol e gudden Ufank!