D’Kate Spencer ass eng vun de Presentatrice vum Podcast «Forever 35» an den USA. Si schreift ënner anerem fir InStyle, Washington Post, Rolling Stone a Cosmopolitan. Nodeems si d’Erzielung mat autobiographeschen Elementer “The Dead Moms Club” geschriwwen hat, huet si sech lo un hiren éischte Roman erugewot,"Zwei Herzen unter acht Millionen". Dofir huet si sech duerch hir Faszinatioun vun der Stad New York an de klasseschen, romantesche Komedien aus den 80er Joren inspiréiere gelooss. Wat dobäi erauskomm ass, weess d’Sandra Mélan

02/08/2022 Buch vun der Woch: Zwei Herzen unter acht Milliounen (internet)

Wann ee schonn en negativen Dag huet an et mengt een e kéint net nach méi schrecklech weider goen, an dann erlieft awer nach een eng absolut penibel Situatioun. Sou ongeféier ass et der Protagonisten Franny Doyle am Ufank vum Buch gaangen. Als Éischt huet hat gekënnegt kritt. Dunn huet hat mat enger Këscht mat senge Privatsaachen de Metro geholl, a genee do, am iwwerfëllte Waggon ass säi Rack um Réck an der Dier ageklemmt ginn. De Rack geet futti an et gesäit ee seng Ënnerwäsch. An dësem penibele Moment huet e frieme Mann him säi Paltong iwwer d’Schëllere geluecht. D’Franny war terribel genéiert, huet sech duerno geduecht, datt hat an esou eng grousser Stad, wéi New York, dee Mann sécherlech net méi wäert erëm gesinn. Leider hat am Zäitalter vun de Smartphonen, een dës Zeen gefilmt. Dëse Video ass viral gaangen an eng Tëleeschaîne ass dorop opmierksam ginn an huet d’Franny an dee frieme Mann an eng Emissioun invitéiert. D’Franny wollt vun där Situatioun profitéieren, fir deem Mann säi Paltong zréck ze ginn an him Merci ze soe fir seng Hëllef. Och do kënnt alles anescht wéi geplangt. Ass dëst den Ufank vun enger Libesgeschicht, wéi bei deem Video am Internet behaapt gëtt?
****
Definitiv jo! De Cover an den Text um Buch vermëttelen engem dëst och. Fir mech ass et eng, wann net déi schéinsten Libesgeschicht, déi ech jee gelies hunn. Ech konnt d’Buch bal ne wechleeën. Och wann ee vun Ufank un op en Happy End hofft, ass et awer esou, datt déi zwee Protagonisten eng Rei Schwieregkeeten z’iwwerbrécken hunn. De Lieser kritt déi ganz Geschicht ofwiesselend aus der Vue vum Franny a vun deem frieme Mann, dem Hayze erzielt.
****
Fir mech ass dëse Roman eng Virlag fir en Hollywood-Film. Op alle Fall ass d’Buch de Fans vu Libesgeschichten absolut ze recommandéieren a sollt och net an der Wallis feele fir an d’Vakanz.

D'Buch "Zwei Herzen unter acht Millionen" ass beim Penguin-Verlag eraus komm.