Ass eng Frëndschaft tëschent engem 17 Joer allen Teenager an enger eelerer Bomi realistesch? Jo dat ass se, an di zwee Haaptprotagonisten aus eisem Buch vun der Woch sinn de beschte Beweis dofir. "Die Hundert Jahre von Lenni und Margot" ass eng Geschicht iwwert d´Liewe mat all sengen Héichten an Déiften. D'Tiffany Saska huet d'Buch fir eis gelies.

26/07/2022 Buch vun der Woch: Die hundert Jahre von Lenni und Margot

D'Lenni ass 17 Joer al, an hätt eigentlech nach säi ganzt Liewe viru sech. Mee dat jonkt Meedchen ass immens krank a weess, datt et stierwe wäert. Anstatt ganz onbekëmmert erwuessen ze ginn, stellt hatt sech ganz vill essentiell Froen, a wëll viru sengem Dout nach Äntwerte kréien. Wat soll hatt do mat anere Jugendlechen? Am Spidol verbréngt hatt vill Zäit an der Kapell a mam Paschtouer, dee kuerz viru senger Pensioun steet. Di zwee sinn ech direkt sympathesch. An da begéint d'Lenni am Molcours enger eelerer Dame, dem Margot an hatt soll eng richteg gutt Frëndin ginn, well zesumme si se 100 Joer all… dat ka keen Zoufall sinn.

"Die hundert Jahre von Lenni und Margot" ass méi wéi eng fiktiv Geschicht. Si hält eis virun Aen, wat wierklech wichteg ass am Liewen an si weist eis, datt Frëndschafte bis an den Dout a souguer doriwwer eraus Bestand hunn. Trotz bedréckender Thematik beschreift d'Marianne Cronin  seng Charaktere ganz lieweg a spuert och net mam Humor. Schnell wuessen engem di verschidde Protagonisten un d'Häerz. D'Autrice hëlt eis un der Hand a weist eis, wéi ënnerschiddlech Frëndschafte kënnen ausgesinn. Klengt et komesch wann ech soen, datt et e Buch fir d'Liewen ass, voll schéiner Momenter, déi an de Réckbléckenden erzielt ginn? Ech hoffen net, well genee dat ass dëst Buch.

D'Marianne Cronin huet ganzer siwe Joer un dësem Buch geschriwwen. Ganz schnell awer gouf hiren éischte Roman zu engem immense Succès. An och Hollywood huet sech d´Rechter scho geséchert. Fir jiddereen, deen nach no der richteger Lecture fir de Summer sicht, kann ech dëst Buch, wat een net méi esou séier aus der Hand leed, nëmme recommandéieren.

"Die hundert Jahre von Leni und Margot" ass an der däitscher Iwwersetzung bei Bertelsmann erauskomm.