Wien et wochelaang op der Bestseller-Lëscht vun der New York Times aushält a bei Kritik a Lieser gläich gutt ukënnt, deen huet mat sengem Roman wuel e gudden Nerv geroden. De Fall ass dat fir déi amerikanesch Schrëftstellerin Rebecca Serle, déi mat "In five Years" grousse Succès hat. D'Buch ass och elo an der däitscher Iwwersetzung erauskomm, Christiane Kremer.

23/08/2022 Buch vun der Woch "In fünf Jahren" INTERNET

"Wou gesitt Der Iech a fënnef Joer?" eng typesch Fro bei engem Virstellungsgespréich an och déi jonk New Yorker Affekotin Dannie kritt se gestallt a weess am Fong schonn d'Äntwert: a grad deem do Betrib, op engem méi héije Posten a glécklech bestuet mat hirem Frënd David. Well alles deit drop hin, datt deen den Owend mat engem Verlobungsrank kënnt.

Mee an der selwechter Nuecht, erwächt déi jonk Fra a leit an engem anere Bett, nieft engem anere Mann an et ass de selwechten Datum just 5 Joer méi spéit. Moies weess d'Dannie, datt et en Dram war, awer een, deen se ëmmer nees anhëlt an der Zäit dono. Och wa se fir de Rescht hiert Liewe lieft, wéi geplangt. Wéi et fir esou eng pragmatesch a komplett duerchgeplangte Fra passt, déi liicht Workaholic ass a sech fir de Rescht kloer Virstellunge mécht, wéini se wat a wéi engem Restaurant ësst, oder wéini se sech mat wiem trëfft. Just mat hirer beschter Frëndin Bella, e ganz spontane Mënsch, geréit alt emol alles e bëssi op d'Kopp.

An da véier an en halleft Joer méi spéit, begéint d'Dannie de Mann aus hirem Dram.

Dat kléngt natierlech no engem typesche Libesroman an ech wollt schonn dat nächst Buch vun der Lëscht vun de proposéierte Wierker huelen, wéi mer ee Saz um Cover opgefall ass: "Dat hei ass eng Libesgeschicht, awer net déi Libesgeschicht, déi s de erwaarts." Virwëtzeg war ech dunn awer, Spannung ass ëmmer gutt, Iwwerraschung och an e bëssi méi liicht Lecture passt och an de Summer.

An dräi Deeg war ech derduerch. D'Geschicht vum Rebecca Serle fänkt direkt lieweg un an och, wann engem déi heiansdo e bëssi langweileg an duerchorganiséiert Protagonistin mol op d'Nerve geet, geet een ëmmer weider mat hir. Bis dat geschitt, wat ee sech erwaart. An dach geschitt vun do un alles, wéi een sech et net erwaart huet. 

Natierlech kann ech net elo hei spoileren, liese sollt der scho selwer. Mee den Teaser-Saz um Cover vum Buch mécht op alle Fall säin Déngscht, ob um Enn d'Geschicht engem gefällt oder net.

Iwwregens d'Rebecca Serle schreift och Dréibicher. D'Story "In fünf Jahren" kéint sech dofir eegnen.

"In fünf Jahren" ass op däitsch bei btb erauskomm.