Net méi schaffe mussen goen an d‘Liewen genéissen. Dolce far niente. Dorëms geet et net an „Freiheit für alle – Das Ende der Arbeit wie wir sie kannten“. De Philosoph Richard David Precht beschreift a sengem neie Wierk d‘Transformatioun vun der Aarbechtsgesellschaft. An Zukunft wäert d‘Aarbecht net méi just do sinn fir d‘Paie um Enn vum Mount, mä se wäert am Idealfall mat Sënn erfëllt sinn, esou den Auteur. An dee Wiessel hätt schonn ugefaangen. Pierre Jans.

16/08/2022 Buch vun der Woch "Freiheit für alle" (NTERNET)

Et ass falsch ze mengen, mir géifen an engem gesellschaftlech definitiven Zoustand nom Enn vun der Geschicht liewen, betount de Richard David Precht schonn an der Introduktioun vun „Freiheit für alle“. Vill méi wär eng grouss Revolutioun scho voll am Gaangen: hei an haut virun den Aen vun eis all, a se wär gewalteg. Méi gewalteg esouguer ewéi sou munch een denke wëll. Virun allem riicht de Precht, dee jo als Philosoph net am Elfebeentuerm sëtzt, mä sech gären – fir net ze soen ganz gären – an déi aktuell Debaten abréngt, un d‘Politik. Beruffspolitiker a Gewerkschaftler wéilten nach net akzeptéieren, wéi dramatesch d‘Auswierkungen vun der Digitaliséierung op d‘Aarbechtswelt sinn. D‘Multinationallen dogéint scho laang.
De Richard David Precht ass deene meeschten sécherlech bekannt. De Philosoph huet 57 Joer an seng Bicher leien zanter „Wer bin ich und wenn ja wie viele“ am Rayon vun de Bestseller.  
An dësem Buch probéiert hien Argumenter ze liwweren, dass een dovun ausgoe kann, dass déi digital Revolutioun och eng sozial Revolutioun mat sech bréngt. Firwat?
Well intelligent Computeren a Roboter vill Jobben iwwerhuele wäerten. Kléngt op den éischten Bléck ganz gemittlech fir Leit déi net all ze gär schaffe ginn. Dem Auteur no mussen eesäiteg Beruffer an enger Verwaltung, bei der Versécherung oder am Callcenter dann net méi vu Mënschen ausgeüübt ginn. Nëmmen hänkt dorun déi kruzial Fro: wat geschitt mat de Leit déi hir Aarbechtsplaz verléieren? Virun allem Persounen mat engem niddrege Bildungsniveau hätten et schwéier sech um aktuelle Marché nei ze orientéieren. D‘Gewerkschaften déi als Aufgab hunn, d‘Aarbechtsplazen ze protegéieren, géifen souwisou op d‘Barrikade goen. A genee dat bedauert de Richard David Precht. D‘Syndikater gesinn d‘Aarbecht als de Mëttelpunkt vum Liewen. Fir déi Opfaassung reprochéiert de Precht hinnen, un engem vereelzten Begrëff vun der Aarbecht festzehalen. Dee vum Chrëschtentum nämlech, dat der Aarbecht eng enorm Wichtegkeet ginn huet. Op de Punkt gesot: „Gott ass frou mat der, wann‘s de schaffs.“ Wien sech op der Schaff drop mécht, dee gëtt um Enn belount.
Dem Precht no passt déi Approche net méi an eis Zäit. Mir liewen an enger Gesellschaft vum Iwwerfloss an net méi an enger wou d‘Wueren knapps sinn. Eng Hypothees déi an der aktueller Situatioun mat Liwwerenkpäss vläicht e bëssen deplacéiert wierkt, mä wirtschaftshistoresch net falsch ass – Klammer zou.
Op alle Fall geet den Auteur dovun aus, dass Aarbecht a materiell Proprietéit fir vill Leit net méi dat Allerwichtegst ass, mä eng gesond work-life-balance.
Dat ass warscheinlech wouer fir eng héichqualifizéiert Minoritéit. Vill aner Mënschen op der Welt wëlle schaffen, fir éierbar ze liewen, anerer souguer fir ze iwwerliewen.
Dofir kënnt de Richard David Precht net laanscht eng Iddi déi net nei ass: e bedéngungsloost Grondakommes. Schaffen ouni eppes ze leeschten, einfach nëmme well ee Bierger ass. Net einfach ëmzesetzen, dat muss och de Precht wëssen. Mä eng Iwwerleeung ass et allemol wäert.