D'Tove Alsterdal ass eng schweedesch Autorin, déi schonn zënter enger Rei vu Joren am skandinavesche Raum bekannt a beléift ass. Si ass a ville Genren doheem, huet an de 2000er en Kabaret-Theater geleet, Manuskripter fir Filmer an Theater verfaasst, bis si dunn 2009 hiren éischten Thriller erausbruecht huet.

2020 ass STURMROT a Skandinavien an d'Buttiker komm, den éischten Deel vun enger Trilogie, mat där d'Tove Alsterdal mam schweedesche Krimipräis ausgezeechent gouf.
D'Manon Bercker huet d'Buch geliess

30/08/2022 Buch "Sturmrot" vum Tove Alsterdal

Et wor eemol e Jong, den Olof, 14 Joer al. Hien huet a Nordschweede gelieft, an engem Duerf, wou net vill lass war. Den Olof war net iwwerméisseg schlau, an hat och soss näischt, wat hien fir aner Jugendlecher intressant gemaach hätt. An dobäi wollt hien esou gär dozou gehéieren, zu där cooler Clique, an zu deem schéine Lina. Dofir huet e sech zu eppes hiräisse gelooss, wat seng ganz Zukunft zerstéiert a villes am Duerf op d'Kopp gehäit huet...

23 Joer méi spéit ass den Olof nees do, a sengem Duerf, a sengem Elterenhaus. A wat ass dat éischt, wat hien do gesäit? D'Läich vu sengem Papp- an deen ass ganz sécher kenges natirlechen Doudes gestuerwen.

Déi jonk Polizistin Eira soll hëlleffen, dëse Mord ze ënnersichen. Si ass do an der Géigend grouss ginn, ka sech och nach vague um Olof seng Geschicht vun deemools erënneren. Wärend den Ermëttlungen gëtt et hir ëmmer méi kloer, datt si sech den ale Fall nach eng Kéier grëndlech muss ukucken, fir an dem neie virunzekommen. War virun 23 Joer tatsächlech alles esou, wéi et no baussen duergestallt gouf? War den Olof wierklech schëlleg? D'Eira stéisst op Fakten, déi d'Saachen an engem ganz anere Liicht weisen, d'Roll vun anere Leit hannerfroen an och si selwer viru schwéier Decisioune stellen.

Wat si Geständnisser Wert, déi engem jonke Mënsch an éiweg laange Verhéier an de Mond geluecht ginn? Wéi séier gëtt een ofgestempelt, wann et su gutt a virgefaasste Biller passt? A wéi laang brénge Schëlleger et fäerdeg, den Deckel op hirem Wëssen a Gewëssen ze halen?

Oder wéi wäit geet en Ermëttler un eppes krazen, wat him a senge Léifste massiv schuede kann? Dat sinn e puer vun de Froen, déi d'Tove Alsterdal an hirem Roman opwërft. Si zielt eis eng spannend Geschicht, an där d'Vergaangenheet ëmmer erëm an d'Géigewart agräift. Sou kritt de Lieser Erklärungen, déi sech am "hier und jetzt" net sou direkt ugekënnegt haten. 

STURMROT, fir mech eng gutt gemaachte Geschicht mat ville Revirementer an intressante Personnagen, liicht a flësseg ze liesen, e Buch, wat Loscht op méi mecht. An do därfe mer eis freeën, zwou Fortsetzunge si scho geschriwwen a kommen am Hierscht, bzw Fréijoer bei eis eraus.

STURMROT koum am rowohlt POLARIS Verlag eraus