Wie schonn eng Kéier zu Venedeg war, huet bestëmmt vun do onvergiesslech Andréck matbruecht. Ob eng Hochzäitsrees, e Weekend-Trip oder den Depart oder d’Arrivée mam Croisièresschëff, dëst si fir den Tourist fantastesch Momenter, si sinn awer och eng Menace fir d’Erhale vun dëser eenzegaarteger Stad. Mat hirem neie Buch « Le naufrage de Venise» wëll d’Isabelle Autissier eis dëst an Erënnerung ruffen an och viru weidere Gefore warnen. Ob dat hier geléngt seet eis elo de Lucien Czuga.

06/09/2022 Buch "Le naufrage de Venise" INTERNET

Venedeg ass net méi do ! Zerstéiert, ënnergaangen, vun der Äerduewerfläch verschwonnen ! Een eenzege Superstuerm, eng eenzeg Risewell ass duergaange fir d’Serenissima, déi wonnerschéi Stad un der Adria mat hiren honnerte Palaise, hiren Dosende Kierchen an hiren dausende Konschtschätz an e Koup falen ze loossen. An dat trotz Modulo Sperimentale Elettromecanico, ofgekierzt MOSE ! De MOSE, dat sinn 78 riseg, stole Kofferen, jiddereen 20 mol 30 Meter grouss an 300 Tonne schwéier, déi an deenen dräi Entréeë fir an d’Lagun vu Venedeg verankert goufen a mat Loft gefëllt solle ginn, wann eng Risewell kënnt, déi d’Stad a Gefor bréngt. Wéi vu villen Experte gefaart huet de MOSE net fonctionéiert an elo ass Venedeg net méi do ! D’Well huet e puer vun deenen op hëlze Piliere gebaute Palaisen ëmgehäit, déi sinn op weider Haiser a Palaise gefall a ganz Venedeg ass dono wéi e Kaartenhaus zesummegetrollt!

De Guido Malegatti, Responsabele fir d’wirtschaftlech Entwécklung vun der Stad, steet elo op der Terrass vrun de Ruine vun sengem Haus a kuckt sech dee ganze Misär un. Hie gouf vun der Schaukel an hirem Gaart gerett, ënnert där hie sech verstoppt hat, wärend d’Maria Alba, seng Fra, déi aus enger vun den eelste venezianesche Familljen, den Dandolo del Castello staamt, dout ass, begruewen ënnert de Steng vun hirem Haus. De Guido muss un d’Lea, hir Duechter denken, dat sech mat senge jonke Frënn dofir agesat hat, déi riseg Croisièresschëffer aus der Stad erauszekréien, déi mat hirer enormer Waasserverdängung dofir gesuergt hunn, d’Statik vun de fragille Pilieren, op déi d’Stad gebaut war, ëmmer méi a Gefor ze bréngen. An dat, iwwerdeems hien ëmmer nëmmen dodru geduecht huet, nach méi Touristen op Venedeg ze bréngen an domat fir nach méi Gefor fir d’Stad ze suergen…

D’Isabelle Autissier wor déi éischt Fra, déi eleng ëm d’Welt geseegelt ass. Zanter Joren engagéiert si sech fir den Déieren- an de Klimaschutz.  Mat hirem fënnefte Buch «Le naufrage de Venise» hält d’Schrëftstellerin e beandrockende Plädoyer fir d’Protectioun an d’Erhale vun enger vun deene schéinste Stied vun der Welt, Venedeg. A si seet eis dass Profitdenken a Wuesstem net alles ka sinn wann domat dem Mënsch säi Liewensraum a wéi an dësem Fall eng vun deene wichtegste Pärele vum mënschleche Patrimonium a Gefor gerode kann.

«Le naufrage de Venise» ass op Franséisch bei Stock erauskomm.