E Buch iwwer Persounen, déi wierklech gelieft hunn, muss net onbedéngt eng reng Biographie sinn. De Schwäizer Auteur Alex Capus huet sech als Virlag fir säin neie Roman eng Fra gesicht, déi mam Kënschtlernumm Caroline Weldon an den USA als Molerin vum berüümten Häuptling « Sitting Bull » bekannt war. Als jonkt Meedchen war se mat hirer Mamm Mëtt vum 19te Joerhonnert aus der Schwäiz an d’USA op New York ausgewandert. D’Christiane Kremer huet d’Buch gelies.

13/09/2022 Buch "Susanna" vum Alex Capus

D’Susanna Carolina Faesch lieft an der Mëtt vum 19te Joerhonnert bei Basel an der Schwäiz zesumme mat hiren Elteren a Bridder. Schonn direkt um Ufank léiert een e ganz eegewëllegt Kand kennen, dat sech wiert, wann et sech bedrot fillt. Dofir stécht et mam Fanger engem Kniecht dat lénkst A aus, och wann deen net direkt eppes gemaach huet.


D'Meedchen schéngt ganz der Mamm nozeschloen. Déi dach éischter roueg Fra trennt sech vun hirem Mann a wandert mat der Duechter an d’USA aus op New York. Do wou de Frënd vun hirem Mann, den däitschen Dokter Karl Valentiny wunnen a schaffe gaangen ass. Déi nei Famill lieft zu Brooklyn an d’Susanna entwéckelt als Teenager e grousst Talent fir d’Molerei, vrun allem Portraiten, déi se deels vu Fotoen ofzeechent. Si bestuet sech, gëtt gescheet, kritt e Kand vun engem anere Mann. De Christy, de Bouf wisst bei der Mamm an der Groussmamm op, nodeems den Karl Valentiny gestuerwen ass.

An e wëll onbedéngt, a géint de Wëlle vu senger Mamm, dem Buffalo Bill seng Wild West Show kucke goen, an där och de berüümte Sioux Häuptling Sitting Bull derbäi ass.

Nom Doud vun der Bomi verléisst d’Susanna mat hirem Fils New York a reest bei de Stamm vun de Lakota, wou se de Sitting Bull warne wëll virun deem, wéi déi Wäiss géint déi sougenannte Ghost-Dance wëlle virgoen.

Ech ginn zou, ech hunn d'Geschicht vun der Molerin an och Biergerrechtlerin Caroline Weldon net kannt, hire berüümte Portrait vum Sitting Bull, deen am Musée zu Little Rock hänkt, awer schonn. Allerdéngs huet hiert Liewe scho Romaner, Theaterstécker, a Filmer, wéi 2017 "Woman walk ahead" mam Jessica Chaistan inspiréiert.

De Schwäizer Auteur Alex Capus erzielt d'Liewe vum Susanna Faesch op eng eege Manéier - situéiert um Ufank si an hir Famill, schwätzt vum Papp an der Friemelegioun, vum Stéifpapp als Dokter an Däitschland, vun der Mamm, déi sech trennt an hiert Meedche mat an d'USA hëlt. An natierlech vun der Molerin, déi zu New York lieft an da bei de Sitting Bull reest.

Wéi ech d'Buch fäerdeg hat, hat ech ee Moment sou e Gefill vu "Rester sur ma faim", vun der Sitting Bull Geschicht hätt ech nach méi wëlle wëssen. Mee nodeems ech mech weider iwwer d'Protagonistin informéiert hunn, wosst ech, datt grad dës Manéier se mat engem Bléck vu baussen, pragmatesch, mat engem Hauch Neutralitéit, schwäizerech halt, ze beschreiwen, dat Besonnescht um Roman ausmécht.

"Susanna" vum Alex Capus ass am Hanser-Verlag erauskomm.