D‘Sybille Vincendon ass eigentlech bekannt als Journalistin vun der franséischer Dageszeitung Libération. Mee si huet och scho Bicher publizéiert. Eist Buch vun der Woch ass hiren neiste Roman. D’Tiffany Saska huet d‘Buch "Trois Alexandrines" fir eis gelies.

20/09/2022 Buch vun der Woch: Trois Alexandrines

D‘Sybille Vincendon erzielt an hirem neiste Buch „Trois Alexandrines“ eng Familljegeschicht iwwer e ganzt Joerhonnert. Et ass awer net iergend eng erfonnte Geschicht – mee hir eege Vergaangenheet. Scho beim Klappentext kritt een eng Viranung, ma et si virun allem d’Fraen aus hirer Famill vun der si faszinéiert ass; et sinn hir Heldinnen och wann si si nëmme wéineg kannt huet. Si erzielt d’Schicksal vun hirer Urgroussmamm, der Groussmamm an hirer Tatta, a féiert de Lecteur domat duerch eng ganz Epoche. D’Rosette, gebuer als Meedche vun engem Chauffeur Enn vum 19teh Joerhonnert, gëtt bestuet a gehéiert vun engem Dag op den aneren zu enger grousser jiddescher Famill aus der Aristokratie vun Alexandria. Hiert Meedche Claire ass ganz eendeiteg de Rebell an der Famill, erlieft di Zäit an der di brittesch Kolonialiséierung lues a lues bréckelt an ass gepräägt vum zweete Weltkrich.  An da gëtt och d’Geschicht vun der Tatta, dem Claude, enger verkannter Autrice erzielt, déi mam alkoholkranke brittesche Schrëftsteller Lawrence Durrell zesumme gelieft a vill ënnert him gelidden huet.
 
Nieft deenen dräi Frae steet awer och ganz kloer Alexandria mat senger interessanter Entwécklung, Héichten an Déiften a vun der Geschicht gepräägt am Mëttelpunkt. An och d’Protagonisten si beaflosst vun hier Zäit. Beweegt sech Alexandria tëscht prunktvoller pompöser Architektur an enger Entwécklung hin zur Modern, esou maachen och d’Fraen de Spagat tëscht Traditiounen an engem kosmopolitesche Liewen. Et ass awer sécher och keen Zoufall. Schonn als Journalistin huet d’Sybille Vincendon sech ganz staark fir Architektur a Stadtplanung interesséiert, vill doriwwer recherchéiert a geschriwwen a fir d’Liberation e Blog ënnerhale mam Titel „Grand Paris et petits détours“.
 
Och wann d’Sybille Vincendon hir Familljegeschicht opgeschriwwen huet, esou liest sech dat ganzt ewéi e Roman. Bei der Geschicht vum Rosette an hirem interessante gesellschaftlechen Opstig hunn ech gutt an d’Buch era fonnt. Iergendwann hunn ech awer e bësselchen de Fuedem verluer. D‘Sybille erzielt un Hand vun ale Fotographie, déi si ëmmer nees an d'Hand kritt, weider Elementer aus de Liewe vun den dräi Fraen. Mee mir feelt e bëssen de roudem Fuedem. Si huet hir Virfaren net gutt kannt an esou entstinn och an den Erzielunge grouss Lächer, déi et sécher méi schwéier verständlech a koherent maachen. Wie sech awer beispillsweis fir Ägypten interesséiert, kann duerchaus Gefalen un dësem Buch fannen.