2011 krut de franséischen Auteur a Journalist Simon Liberati de Prix Femina fir säi Roman "Jayne Mansfield 1967". Doranner huet e sech mat der amerikanescher Actrice a Sexsymbol beschäftegt, déi ganz jonk bei engem trageschen Autosaccident 1967 ëm d'Liewe koum. A sengem neie Roman hëlt de Simon Liberati eis nees mat an d'1960er Joren an déi Kéier bei aner Superstaren: d'Rolling Stones. "Performance" ass d'Buch vun der Woch an d'Christiane Kremer huet et gelies.

18/10/2022 Buch Performance Simon Liberat

Sonndes owes den 12 Februar 1967, an engem Landhaus bei Chichester am englesche Sussex mécht eng Policepatrouille eng Perquisitioun op der Sich no Drogen. Si haten en Tipp kritt an huelen 9 Leit fest: 8 Männer an eng Fra, déi just eng pelzen Decken unhuet. D'Fra heescht Marianne Faithfull an zwee vun de Männer sinn de Keith Richards an de Mick Jagger. Domadder ass de Skandal perfekt an et gëtt versicht den Image vun de Stones nach e bëssi méi schlecht ze maachen. Dës däischter Episod aus der Karriär vun de Rolling Stones soll den Ufank si vun enger Serie, fir déi d'Produzenten en eelere franséische Schrëftsteller engagéieren, deem seng gutt Zäit eriwwerschéngt, dee sech no engem Hireschlag awer nees erkrabbelt huet. Mat senge 71 Joer ass hien op alle Fall nach fit genuch fir e Liewe mat villen Exzesser ze féieren, dat besonnesch an enger intensiver Libesbezéiung zu senger Stéifduechter Esther, déi grad emol 23 Joer al ass. 

Den Optrag fir den Zeenario léist da lues a lues och d'Schreifblockad, besonnesch well de Schluss vun der Serie den Doud 1969 vum ominöse fënnefte Rolling Stones Brian Jones soll markéieren. Dee Brian Jones an deem sech den Auteur a sengem eegene kierperlechen Zerfall ëmmer méi erëmfënnt. 

Performance ass net nëmmen den Numm vun dësem Roman, mee och den Titel vun engem Film vun 1968, an deem de Mick Jagger matspillt. Iwwerhaapt begéint een an dem Roman enger Unzuel vun Eventer, Persounen, Faits diversen, déi een doen nosichen a sech informéieren iwwer dës wëll Zäit vu Sex, Drugs and Rock'n roll. Eppes wat een als Lieser mat dem Haaptprotagonist vum Roman gemeinsam huet. Och dee mécht seng Recherchen, obwuel en eng Rei Saachen nach an der Erënnerung huet. Nieft dëser Entdeckungsrees, ass een awer och matgerappt an de Kampf vum Auteur, dee sech ëmmer nees mat sengem eegenen Doud befaasst.

Performance huet mech e bëssi Zäit kascht, well een heiansdo d'Impressioun  huet an engem Dokumentär ze sinn an dann awer nees an enger Fiktioun. An dacks net weess, wou fänkt déi eng un a wou hält déi aner op. De Langage vum Simon Liberati ass direkt, spontan, heiansdo och cru a witzeg. Ganz um Enn hunn ech mech mam Haaptpersonnage awer versönt. Dat hätt och kënnen anescht ausgoen. Also keng Satanic Majesties, fir mat engem Album vun de Stones aus där Zäit opzehalen.

"Performance" vum Simon Liberati ass bei Grasset erauskomm.