Wien huet sech an de leschten Deeg net iwwert di héich Temperature gewonnert. De Klimawandel huet eis fest am Grëff. E Sujet, dem sech och d’Journalistin a Schrëftstellerin Pernilla Ericson verschriwwen huet a dëst an hirem Kriminalroman „Im Feuer“ verschafft. E Roman tëscht spannender Fiktioun a brutaler Realitéit Tiffany Saska.

01/11/2022 Buch vun der Woch: Im Sturm (online)

D’Lilly Hed ass eng jonk,engagéiert Polizistin zu Stockholm. Hatt huet eng erfollegräich Karriär virun sech an awer brécht hatt sämtlech Zelter of, flücht reegelrecht a plënnert an eng Klengstat fir do als Polizistin zur Rou ze kommen a vill Misär hannert sech ze loossen. Schnell fënnt hat Uschloss, versteet sech ëmmer besser mat senger Aarbechtskolleegin Katja, trëfft en interessante Mann a gëtt vun der hëllefsbereeter Nopesch Hilda ëmsuergt. Et kéint alles gutt sinn, mee leider ass ganz Schweden vu schlëmme Bëschbränn betraff. An de Flame stierwen och Mënschen, mee d’Lilly gleeft net esou richteg drun, datt et sech dobäi ëm Accidenter handelt a fänkt un, der Saach nozegoen.
 
D’Pernilla Ericson ass bekannt als Journalistin, di sech scho länger mat der Thematik vum Klimawandel auserneesetzt. Dës Passioun verschafft si an hirem Roman „Im Feuer“, den a Schweden direkt zu engem Bestseller gouf an hir zu internationaler Bekanntheet verhollef huet. Am Mëttelpunkt steet d’Polizistin Lilly Hed, eng sympathesch, mee vum Liewe gezeechent Protagonistin – sou wéi dat an de skandinavesche Krimireihen oft de Fall ass. Wëll och dëst Buch soll natierlech am Summer 23 eng Fortsetzung kréien.
 
Als schwedesch Krimischrëftstellerin konkurréiert d’Pernilla Ericson natierlech mat ganz ville weidere gudde skandinaveschen Auteuren. Ma hir geléngt en absolut spannenden Debut. Net nëmmen erzielt si en interessante Fall den zum Schluss och nach en richteg onerwaarten Twist kritt, nee si wielt och nach en passende Kontext aus eiser Zäit a mécht op Gefore vun der extremer Dréchent opmierksam, ouni awer di eigentlech Geschicht am Hannergrond verschwannen ze loossen. An och di verschidde Personnagen iwwerzeegen a loosse Spillraum fir hir Weiderentwécklung a de nächste Bicher. Fir mech en absolutte Pageturner an dofir waarden ech dann och gespaant op de nächste Band „Im Sturm“.