An Ägypten trëfft sech d´Welt grad, fir iwwert d´Klimakris ze beroden. Do passt eist Buch vun der Woch ganz gutt an d´Thematik. „Der Anfang von morgen“ vum Jens Liljestrand thematiséiert déi sëllege Bëschbränn, déi ëmmer méi zum Alldag an Europa, mee och soss an der Welt ginn. Vun engem Dag op den anere ka sech d´Liewe fir ëmmer veränneren, mee wéi ginn d´Mënsche mat dësen Naturkatastrophen ëm? D'Tiffany Saska mam Buch vun der Woch.

08/11/2022 Buch vun der Woch: Der Anfang von Morgen

All Mënsch ass en Individuum an deementspriechend geet jidderee ganz anescht mat Katastrophen ëm. Dëst gëtt eemol méi ganz däitlech am Roman „Der Anfang von morgen“. Wärend den Didrik , dee grad mat senger Famill an der Vakanz ass, versicht als Held dës virun dem grausame Feier ze beschützen an dobäi komplett verluer an iwwerfuerdert ass, ass d´Melissa, iwwregens eng Affär vum Didrik, eng Alleinkämpferin, net fir de Klima, mee fir sech selwer. Dem Didrik seng Duechter Vilja, e jonkt Meedchen an der Pubertéit, entwéckelt seng Perséinlechkeet an der aktueller Krisesituatioun enorm virun, hëlleft anere Betraffenen, weist immens vill Empathie a steet domat am Kontrast zu sengem Papp. An och den André, 19 Joer al, representéiert net nëmmen déi méi jonk Generatioun, mee och déi aktiounsgeleete Reaktioun op d´Katastrophen: Si wëlle ganz kloer eppes änneren.

De Jens Liljestrand wëll net virrangeg d´Feier oder d´Klimakris thematiséieren. Hien léisst seng véier Protagonisten erzielen, wéi si vum Feier getraff ginn, wéi si domat ëmginn, wat et fir si heescht, wat si fillen an denken. Well eent ass ganz sécher, jidderee gesäit an deenen Naturkatastrophen eppes aneres. Déi eng ginn op a verfalen an eng absolut Fatalitéit, an déi aner wëlle grad dann d´Äerm eropkrämpelen. Genau dëse Kontrast an déi verschidden Emotioune wëll hien weisen,  net fir näischt léisst hie véier ganz ënnerschiddlech Personnagen optrieden. Leider konnt ech fir keng dovu Sympathien opbréngen, mee dat war vläicht och guer net d´Intentioun vum Auteur Jens Liljestrand.

Mech huet de Roman immens erdréckt, rosen an ängschtlech gemaach. Mee kënne mer eis dëser traureger Realitéit iwwerhaapt entzéien, ouni ze riskéiere komplett naiv duerch d´Liewen ze goen? Nieft der immens geféierlecher Feierkuliss, spillt de Roman dann och matzen an enger Pandemie. Allerdéngs gëtt net konkret vun eiser aktueller Covid-Pandemie geschwat. Gëtt hei eventuell eng Dystopie ongewollt zu batterer Realitéit? Iwwerrascht huet mech den Titel. "Der Anfang vom Ende" oder "Das Ende von morgen", hätte fir mech intuitiv besser gepasst. Mee vläicht weist dat och, datt den Auteur nach Hoffnung huet a Vertrauen dorop, datt et ka besser ginn. Dem Jens Liljestrand geléngt hei sécher e staarkt Buch op dat een sech awer muss aloossen.

"Der Anfang von morgen" vum Jens Liljestrand ass am S. Fischer Verlag erauskomm.