Wärend Lëtzebuerg am Niwwel läit, erlabe Bicher eis Reesen an aner Länner. „Simόn“ vum Miqui Otero hëlt eis mat op Barcelona. Erzielt gëtt d´Geschicht vun engem jonke Mann, deen Héichten a Déiften duerchlieft an dobäi och ëmmer nees d´Realitéit vu senger Heemecht erëmspigelt. Barcelona ass nämlech net nëmmen eng wonnerschéi Stad - nee och hei ginn et vill Erausfuerderungen Tiffany Saska.

15/11/2022 Buch "Simón" vum Miqui Otero

De Simόn, 8 Joer al, ass zimmlech op sech eleng gestalt. Seng Elteren hunn e Café mat spezielle Clientèle a säi Cousin Rico, den e gutt Stéck méi al ass, dreift sech vill ronderëm, ass awer säi grousst Virbild. Wat e genee mécht, weess de Simon net, a gëtt et réischt méi spéit gewuer. Sonndes bréngt en sengem klenge Cousin ëmmer e neit Buch vum Floumaart mat a mécht him domat eng riseg Freed. De Simón ass nämlech begeeschtert vu Bicher, daucht vollkommen an d´Geschichten a reest an eng aner Welt. Wéi de Rico 1992, zu Barcelona lafe grad di lescht Preparativen fir d´Olympesch Spiller, verschwënnt, brécht fir de Simón eng Welt zesummen.

De Miqui Ortero, 1980 zu Barcelona gebuer, beschreift an den dräi Deeler d´Joren tëscht 1992 an 2018. De Simón sicht weiderhin no sengem Cousin, léiert dobäi seng Heemecht anescht kennen a mécht entre temps eng Ausbildung a schafft a Luxusrestauranten. An och spéider, wéi hien des Aarbecht opgëtt a vill reest, beweegt hien sech an der besserer Gesellschaft. War hien als Kand ëmgi vu gescheiterten Existenzen, esou léiert hien elo d´Welt vun de privilegéierte Leit besser kennen. Nieft dem Haaptprotagonist Simón steet awer och Barcelona am Fokus. Eng Stad, déi an de leschte 40 Joren och di eng oder aner Kris huet missen bewältegen. Kriminalitéit, Drogenhandel an awer och d´Wirtschaftskris hunn net nëmmen dem Simón säi Liewen, mee och d´Geschicht vun der Stad gepräägt.

Simon ass eng Geschicht iwwert di déif Verbonnenheet vun den zwee Männer an hir Bezéiung zu hirer Heemecht. An da weist de Roman awer och, wéi en Afloss d´Literatur op eis huet. De Simón spréngt tëscht de Welten an zeechent domat en ofwiesslungsräicht Bild vu sengem Doheem. Et ass de Kontrast, dee beschriwwe gëtt tëscht der immens beléifter Stad an awer och hiren negative Säiten an de Menschen, déi hei kee Gléck haten, deen immens interessant ass. Et entsteet e ganzt liewegt Bild. An och vun de Figure lieft dëst Buch. Aus wéi enger Perspektiv erzielt gëtt, bleift bis zum Schluss onkloer. Do léisst den Auteur de Lieser selwer spekuléieren an och ech hunn eng Anung, wien et kéint sinn. Mee dat verroden ech iech net. Fannt et gäre selwer raus.

"Simón" vum Miqui Otero ass op däitsch am Verlag Klett-Cotta erauskomm.